Kotteng ass eng Naturfaser, déi de Som vun der Kottengsplanz entouréiert.
Dës Fasere ginn a Fiedem ëmgewandelt, aus deene mëll, ootmungsfäeg Textilie gewieft ginn.
D'Planz u sech ass e Strauch, deen aus den tropeschen a subtropesche Regioune vun der Welt kënnt, dorënner Amerika, Afrika an Indien. Déi gréisst Diversitéit u wëlle Kottengsaarte fënnt een a Mexiko, Australien an Afrika. Kotteng gouf onofhängeg vuneneen an der aler an an der neier Welt kultivéiert. D'Wuert Kotteng kënnt vum Arabeschen (al) quṭn قُطْن.
Weltwäit ginn all Joer ëm déi 25 Milliounen Tonne Kotteng produzéiert. China, Brasilien, Indien, Pakistan, d'USA an Usbekistan produzéieren eleng 80% vun der Weltproduktioun. De gréissten Importateur ass China, de gréissten Exportateur sinn d'USA.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kotteng, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.