Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg.
D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Lauschtert
De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.
1993, am honnertsten Doudesjoer vum Michel Lentz, krut Ons Heemecht e legale Statut an e gesetzleche Schutz. Am Gesetz vum 16. September 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwer d'national Ofzeeche geännert huet, heescht et am Artikel 6 datt déi éischt an déi lescht Stroph vum Gesank «Ons Heemecht» (1859), Text vum Michel Lentz, Musek vum Jean-Antoine Zinnen, sou wéi se am Unhang vun deem Gesetz verëffentlecht sinn, d'Nationallidd vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duerstellen.
Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
heinidden alles won.
Onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron,
onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron.
An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soe kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi ass 't sou gutt doheem!
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d'Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.
O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ons Heemecht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.