Lilongwe ass d'Haaptstad vum Malawi.
D'Stad läit am Südweste vum Land, westlech vum Malawiséi op engem Héichplateau, 1050 Meter iwwer dem Mieresspigel, op de Grenze mam Mosambik a Sambia. Lilongwe ass no Blantyre déi zweetgréisst Stad vum Land an huet ëm déi 440 000 Awunner.
Lilongwe gouf ufanks vum 20. Joerhonnert vun der brittescher Kolonialmuecht zum Verwaltungszentrum vun der Regioun gemaach. 1947 ass Lilongwe offiziell zur Stad deklaréiert ginn an zanter dem 1. Juni 1975 ass et d'Haaptstad vum Malawi an der Zentralregioun Malawi.
D'Stad ass éischter den administrative wéi den ekonomeschen Zentrum. Den Handel mat landwirtschaftleche Produitë wéi Tubak, Kotteng, Téi a Kären ass virun allem vu regionaler Wichtegkeet.
Zu Lilongwe gëtt et eng Akerbausschoul an en internationale Fluchhafen, de Kamuzu International Airport.
D'Koordinate sinn: 13° 59’ 00’’ S 33° 47’ 00’’ O
Commons: Lilongwe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lilongwe, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.