Franséisch, oder d'franséisch Sprooch gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen.
Franséisch Français | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Frankräich, Kanada, Belsch, Schwäiz, Monaco a 50 anere Länner |
Regioun: | |
Gëtt geschwat vun: | 115-300 Milliounen |
Klassement: | 11 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Frankräich, Kanada, Belsch, Schwäiz, Lëtzebuerg a 24 anere Länner |
Reglementéiert vun: | - |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | fr |
ISO 639-2 | fre (B) / fra (T) |
ISO 639-3 | fra |
Si gëtt an 52 Länner vun zirka 300 Millioune Mënsche (115 Milliounen als Mammesprooch a ronn 185 Milliounen als Zweetsprooch) geschwat (Stand: 2016).
D'Entwécklung vun der franséischer Sprooch huet déi Eegenaart, datt si vun intellektuelle Gruppen oder vun Institutiounen (wéi d'Académie française) optiméiert gouf. Als Héichsprooch ass et deemno eng akadeemesch Sprooch. Dat verhënnert awer net, datt et am Alldag eng extreem lieweg a phantasiräich Sprooch ass a bleift. Net zu Onrecht gëtt d'Franséisch och "Sprooch vum Molière" (oder vum Voltaire) genannt.
Et gëtt allgemeng ugeholl, datt de romanesche "Volet" vun de Serments de Strasbourg (842) den éischten, op Romanesch geschriwwenen Text ass. D'Existenz vun enger romanescher Sprooch gouf fir d'éischt 813 bei Geleeënheet vun der Synod vun Tours ernimmt. Et dauert bis 880-881 bis den éischte literareschen Text, Séquence de sainte Eulalie opdaucht. 1539 gëtt Franséisch mat der 'Ordonnance de Villers-Cotterêts vum Kinnek François I. als Rechts- a Verwaltungssprooch agefouert.
D'Entwécklung vun der Sprooch huet sech a 5 Phasen, déi allerdéngs lues a lues anenaner iwwergaange sinn, ofgespillt. Bei de Beispiller am Ofschnëtt Chronologie ass d'Orthographie déi vun de respektiven Éditeuren an net déi vun den Auteuren. Et däerf een net vergiessen, datt d'Orthographie virum 19. Joerhonnert staark variéiert huet.
Et gëtt geschat datt um Virowend vun der franséischer Revolutioun nëmmen e Véirel vun der franséischer Populatioun Franséisch geschwat huet. Deem géintiwwer ass d'Franséisch op allen europäeschen Häff geleefeg gebraucht ginn. Franséisch war awer net nëmmen d'Sprooch vum Adel a vun der Diplomatie, mä war och an de Beräicher vun der Konscht, vun der Wëssenschaft a vun der Technik net ewechzedenken.
Den engleschen Haff huet laang Zäit Franséisch geschwat. Den honnertjärege Krich huet 1362 dëse Brauch ofgeschaaft, mä haut nach bestinn déi kinneklech englesch Devisen op Franséisch: honni soit qui mal y pense an Dieu et mon droit.
Franséisch ass ëmmer nëmme mam laténgeschen Alphabet geschriwwe ginn.
D'Franséisch Sprooch gëtt haut vu follgenden Institutiounen iwwerwaacht: Académie française, Délégation générale à la langue française et aux langues de France, Service de la langue française (Belsch), Office québécois de la langue française, les Conseils supérieurs de la langue française de France, de Belgique et du Québec.
Franséisch ass, eleng oder zesumme mat anere Sproochen, d'offiziell Sprooch (Amtssprooch) a follgende Länner (a Klameren d'Zuel vun de Mënschen déi Franséisch als Mammesprooch schwätzen):
Ausserdeem ass Franséisch eng vun den offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.
Wiki op Franséisch |
Commons: Franséisch Sprooch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Franséisch Aussprooch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Franséisch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.