De Liichtspektrum oder och Faarfspektrum ass
Faarf | Wellelängt an nm | Frequenz an THz |
---|---|---|
rout | ≈ 790–630 | ≈ 379–476 |
orange | ≈ 630–580 | ≈ 476–517 |
giel | ≈ 580–560 | ≈ 517–535 |
gréng | ≈ 560–480 | ≈ 535–624 |
blo | ≈ 480–420 | ≈ 624–714 |
violett | ≈ 420–390 | ≈ 714–769 |
De Wellelängteberäich vum Liichtspektrum reecht vun ongeféier 380 bis 780 nm, engem Frequenzberäich vun zirka 3,8 • 1014 bis 7,9 • 1014 Hz entspriechend. Ugrenzend un dee fir de Mënsch visuelle Liichtspektrum ass am elektromagnéitesche Spektrum den UV-Beräich bei méi kuerzen, an den IR-Beräich bei méi laange Wellelängten, déi deelweis vun anere Liewewiese gesi kënne ginn (kuckt och Spektralfaarwen).
De siichtbare Liichtspektrum ass d'Unheefung vun alle vum A ënnerscheedbaren, monochromatesche Spektralfaarwen. Ouni optesch Hëllefsmëttel (wéi z. B. engem Prisma) sinn déi Faarfkomponente vun engem Spektrum am Zesummenhank beispillsweis an engem Reebou oder an der Spigelung vu geeegentem wäisse Liicht op enger CD-Uewerfläch observéierbar.
Géigestänn ginn hire Liichtspektrum als eng Kombinatioun vu villen ënnerschiddlech staarken Eenzelfaarwen of, déi am A vum Obsevateur zu enger Mëschfaarf konsolidéiert gëtt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Liichtspektrum, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.