30. Juli: Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
03. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament kritt d'CSV 3 Sëtz (+1), d'LSAP 1 (-1), d'DP an Déi Gréng jee 1 (-) an Déi Lénk, d'KPL an d'ADR 0 (-).
28. Juni: Wale fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mä huet net d'Majoritéit.
August/September: Véiermol hannerenee maachen d'Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied, Dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
USA
02. Mäerz: Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen.
26. Dezember: Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Séibiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sinn duerch d'Tsunamien ëm d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaange vun US-amerikanesche Giischtercher kujenéiert ginn.
Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen Honnerte vun Affer.
31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.
28. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Innsbruck 1:4 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.
29. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Agueda 0:3 géint Portugal.
04. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Tallinn, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Estland.
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 3:4 géint Lettland. D'Goler fir Lëtzebuerg hunn de Gordon Braun, Fons Leweck a Manuel Cardoni geschoss. Den Eric Hoffmann huet e Selbstgol markéiert.
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland.
13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Liechtenstein.
17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:5 géint Portugal.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2004, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.