Hertz, symboliséiert Hz, ass am internationalen Eenheetesystem d'Unitéit fir d'Frequenz.
Si gëtt d'Zuel vun de Schwéngunge pro Sekonn un, allgemeng och d'Zuel vu Virgäng déi sech pro Sekonn widderhuelen.
D'Eenheet gouf 1935 nom däitsche Physiker Heinrich Rudolf Hertz genannt. Si ass op reegelméisseg Virgäng déi sech widderhuelen – besonnesch Schwéngungen – limitéiert. D'Schwéngungsform ass dogéint net limitéiert, och d'Frequenze vun net sinusfërmege Schwéngunge ginn an Hertz uginn.
Fir d'Wénkelvitess, déi och an der Eenheet s−1 ugi gëtt (normgerecht wier d'Eenheet rad/s), gëtt Hz net gebraucht. Dat selwecht gëllt fir d'Dréizuel oder Ëmdréiungsfrequenz (DIN 1301-2). Fir Virgäng déi sech onreegelméisseg widderhuele gëtt et eegen Eenheeten (wéi beispillsweis beim Becquerel, bei deem et ëm statistesch variabel radioaktiv Zerfallevenementer geet, fir déi een nëmmen eng Duerchschnëttsquot uginn kann).
An der Schwéngungsmoosstechnik gëtt d'Dréizuel vun enger Maschinn an Hertz uginn, et schwätzt een da vun Dréifrequenz. Soss gëtt bei Dréizuele meeschtens d'Zuel vun den Ëmdréiunge pro Minutt uginn, also net an Hz mä an der Eenheet U/min.
Dacks gebraucht grouss Eenheete sinn
D'Moosseenheet „Hertz“ gouf 1960 vun der CGPM (Conférence Générale des Poids et Mesures) vun engleschsproochege Länner iwwerholl an huet do den Numm cycles per second = cps (Zykle pro Sekonn) ersat. Dofir fënnt een an der engleschsproocheger Literatur vu virun 1960 amplaz vun Hertz nach Bezeechnungen cps oder c/sec.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hertz (Eenheet), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.