Vergewaltegung

Eng Vergewaltegung oder e Viol ass e sexuellen Akt mat enger Persoun, déi domat net averstanen ass an déi mat Gewalt oder Dreeungen dozou gezwonge ginn ass.

A ville Jurisdiktioune fält d'Vergewaltegung ënner d'sexuell Aggressioun, déi och Akter abegräift, an där et net zum Sex komm ass. Souwuel Frae wéi Männer, mee och Kanner kënnen Affer vun enger Vergewaltegung ginn.

Vergewaltegung
Eng Statu, déi d'Vergewaltegung vun der Lucretia duerstellt

Et ass laang ugeholl ginn, eng Vergewaltegung géif duerch dem Täter seng hemmungslos sexuell Loscht verursaacht ginn. Haut gëtt se awer als pathologesch Manéier verstanenen, seng Muecht iwwer d'Affer ze behaapten.

Evolutioun vun der gesellschaftlecher Astellung géigeniwwer der Vergewaltegung

Den englesche Begrëff fir d'Vergewaltegung, "rape" kënnt vum laténgesche "raptus" oder "rapere" an huet bis an 12. Joerhonnert e gewalttätegen Déifstall bezeechent, ouni sexuell Konnotatioun. An England am 15. Joerhonnert huet de Papp oder de Mann vun enger vergewaltegter Fra eng Plainte viru Geriicht konnte maache well d'Vergewaltegung der legaler Definitioun no den Déifstall vun der Dugend vun der Fra war, sief et d'Jongfralechkeet vun der Duechter oder d'Éier vun der bestueter Fra.

An Amerika zur Zäit vun der Sklaverei war d'Vergewaltegung nëmmen e Verbrieche géint eng keusch, wäiss Fra, besonnesch duerch e schwaarze Mann. Sklavinne hunn hirem Meeschter kee sexuellen Akt däerfe refuséieren, genee wéi bestuet Frae sech hire Männer net hu konnte verweigeren. A Geriichtsprozesser ass driwwer debattéiert ginn, ob eng Prostituéiert konnt vergewaltegt ginn. Wann eng Fra virdrun engem sexuellen Akt zougestëmmt hat, ass d'ëffentlech Meenung dacks dovun ausgaangen, si hätt hiert Averständnes och fir all déi Kéieren duerno ginn. Esou ass eng Plainte viru Geriicht wéinst Vergewaltegung bal onméiglech ginn, ausser wann d'Affer eng wäiss, weiblech Jongfra aus der Mëttelklass war, déi net mat dem Vergewalteger bestuet war.

A bestëmmte Länner gëllt all sexuelle Akt mat enger mannerjäreger Persoun als Vergewaltegung.

Um Spaweck

Commons: Vergewaltegung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

GewaltSex

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

PhilippinnenKapuzinertheaterGaston ReineschAsienJhemp Hoscheit2020FranséischLiberté - Fräiheet!Hong Kong21. JuniAndré Duchscher1968Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenCoupe de Luxembourg (Foussball)BiergerdagLeschte SteiwerKolerKanton Esch-Uelzecht2012Bill GatesRafael SpringerAustrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounMelusinaJéineschSiliziumKasachstanBhumibol AdulyadejFamill (Biologie)BlogBenny BergFluchhafe LëtzebuergVulvaGemeng HeischentNicolas Wampach16. MäerzRégis MoesKuwaitKarel de GroussenNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)Philippe Schneider, de Mann mat der KameraLex DellesUniversumGuy BergSingapur (Republik)Prosper FriobLiège-Bastogne-Liège 2023Charles MarxPersesche GolfMyriam Spiteri DebonoJean vu LëtzebuergCampingKommunikatiounssatellitBernard-MassardOeillets-RevolutiounDonald TrumpHypertext Transfer ProtocolPolenKontraktVerluerekaschtGoldstandardBoosselen1675KrichRob DeltgenSammy WagnerWhatsAppSchrëftstellerDan SpogenRobert KriepsCharles MederGréiwemaacher🡆 More