WhatsApp Messenger, besser bekannt einfach als WhatsApp, ass e gratis a plattformonofhängege VoIP-Service.
E funktionéiert als mobil App, déi et de Benotzer erlaabt Text- a Sproochnoriichten ze schécken, ze telefonéieren a Videouriff ze maachen a Biller, Dokumenter, de Standuert an anere Contenu ze deelen.
WhatsApp leeft generell iwwer dem Benotzer säin Handy, mee kann och iwwer e PC benotzt ginn. Dat ass méiglech soulaang dem Benotzer säin Handy mam Internet verbonnen ass.
Benotzer mussen eng Handysnummer hu fir WhatsApp kënnen ze benotzen.
WhatsApp gouf am Januar 2009 a Kalifornien lancéiert, an 2014 fir ongeféiert 19 Milliarden US-Dollar vu Facebook opkaaft. Mat iwwer 2 Milliarde Benotzer war WhatsApp am Februar 2020 eng vun de meeschtbenotzten Applikatiounen op der Welt.
Commons: WhatsApp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article WhatsApp, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.