Hip-Hop ass e Musekgenre bei deem de Schwéierpunkt op engem rhytmesche Beat a Rap läit, amplaz vun harmonesche Melodien a Gesank.
En ass an den 1970er Joren zu New York entstanen, wou e bei Afro-Amerikaner beléift war. D'Beater vu populäre Musekgenrë wéi Funk oder Soul goufen dofir isoléiert, eng Technik, déi an der kontemporärer jamaikanescher Musek geleefeg war. Immigrante vu Jamaika an anere Karibikstaaten, dorënner den DJ Kool Herc, den Afrika Bambaataa, de Grandmaster Flash an de Grand Wizzard Theodore déi als Pappe vum Hip-Hop gëllen, hate se zu New York agefouert. De Genre huet sech séier op der Ostküst vun den USA, duerno am ganze Land a spéider an den 1980er an 1990er an der ganzer Welt verbreet.
Zu Lëtzebuerg gëtt et och eng kleng Hip-Hop-Zeen, déi sech haaptsächlech duerch déi grouss Diversitéit vu Sproochen auszeechent. Nieft Produzenten déi intrumentalen Hip-Hop maachen (zum Beispill Cehashi oder StA) gëtt et Rapper a Gruppen, déi Hip-Hop mat lëtzebuergeschen (De Läb, Tommek, Bandana, T the Boss, Freshdax), franséischen (A.L.S., Bossmen), däitschen (Toby, Exemo), engleschen (Maz, D.Harmon), italieeneschen (Cico, Uranami) oder portugiseschen Texter maachen.
Franséischsproochegen Hip-Hop (op Franséisch: rap français) ass géint Enn der 1980er an Ufank der 1990er Joren a francophone Länner ëmmer méi beléift ginn, mat engersäits Gruppe wéi de belschen Duo Benny B & DJ Daddy K mat liichten Texter a Pop-orientéierte Beater, an anerersäits kommerziell geneesou erfollegräichen a vun de Kriticken héichgelueft Kënschtler wéi IAM, MC Solaar, Oxmo Puccino oder déi provokativ NTM. Obwuel Frankräich an der Tëschenzäit no den USA zum zweetgréissten Hip-Hop-Maart op der Welt gewuess ass, limitéiert säi Succès sech net nëmmen op ee Land.
Global gesinn huet de franséischen Hip-Hop e puer Charakteristiken déi e vum "generellen" Hip-Hop ënnerscheeden. Vill Kënschtler si vun afrikanescher oder nordafrikanescher/arabescher Ofstamung, wat sech souwuel an den Texter wéi och musikalesch ausdréckt. Musikalesch Aflëss vu Chanson bis Raï sinn net seelen an Islam ass en Theema dat ëmmer erëmzefannen ass, grad sou wéi Problemer am Zesummenhang mat Immigratioun, Integratioun a Rassismus. Am Allgemenge spillen déi politesch a sozial Aspekter eng vill méi grouss Roll an den Texter wéi zum Beispill am amerikaneschen oder däitschen Hip-Hop.
Commons: Hip-Hop – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hip-Hop, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.