Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Oman (arabesch: سلطنة عمان) ass e Sultanat am Südoste vun der Arabescher Hallefinsel. D'Land grenzt am Norden un de Golf vum Oman, am Osten a Süden un d'Arabescht Mier, am Westen u Saudiarabien, am Südwesten un de Jemen an am Nordwesten un d'Vereenegt Arabesch Emirater. Zum Staatsterritoire gehéiert och d'nërdlech Spëtzt vun der Hallefinsel Ruus al-Jibal, de Kap Musandam. Musandam ass vum Rescht vum Land duerch d'Staatsgebitt vun de Vereenegten Arabeschen Emirater getrennt. De Kap ass virop wéinst der strateegesch giedlecher Lag op der Mieresstrooss vun Hormuz, tëscht dem Perseschem Golf an dem Golf vun Oman, vu Bedeitung. Madha, eng zweet, méi kleng Exklav, läit matzen an de VAE, tëscht Musandam an dem Haaptterritoire vum Oman.
سلطنة عمان Saltanat Uman | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
Haaptstad: | Maskat | ||||
Staatsform: | Monarchie | ||||
• Sultan: | Haitham bin Tariq | ||||
Fläch: | 309 500 km² | ||||
Bevëlkerung: | 2 340 815 | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 7,56/km² | ||||
Nationalfeierdag: | 18. November (Gebuertsdag vum Sultan) | ||||
Nationalhymn: | Ya Rabbana Ehfid Lana Jalalat Al Sultan | ||||
Wärung: | Omani Rial | ||||
Zäitzon: | UTC +4 | ||||
Internet TLD: | .om | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +968 |
Den Oman ass Member vun de Vereenten Natiounen an der Arabescher Liga. D'Haaptstad vum Sultanat heescht Maskat.
Commons: Oman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Oman, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.