Péckvillchen: Päif aus Toun (Keramik) déi en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann

E Péckvillchen ass eng aus Toun gebake Päif a Form vun engem Villchen, dee bannendran huel ass, e Mondstéck (um Schwanz) an uewen oder vir um Kierper e Lach huet, soudatt een, wann een dra bléist, en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann.

Péckvillchen: Päif aus Toun (Keramik) déi en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann Dësen Artikel beschäftegt sech mat der touner Päif. Fir d'satiresch Zäitschrëft, kuckt wgl. De Peck-Villchen.
Péckvillchen: Päif aus Toun (Keramik) déi en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann
E Péckvillchen aus Nouspelter Toun vun 1991
Péckvillchen: Päif aus Toun (Keramik) déi en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann
Ublos- an Tounlach

D'Péckvillercher ginn zu Lëtzebuerg traditionell op der Eemaischen (engem Maart), op Ouschterméindeg, zu Nouspelt an um Stater Fëschmaart verkaaft. Well se all Joer anescht ausgesinn, si se beléifte Sammlerobjeten.

Ganz besonnesch gesicht si Péckvillercher aus rout-brongem Toun, deen zu Nouspelt gestach an do gebak gouf.

Op der Stater Eemaischen, déi laang virun där vun Nouspelt bestanen huet, sinn an den leschte Joren ëmmer méi Artisten, déi hir méi ausgefalen oder usprochsvoll Péckvillercher ubidden. Et gëtt der souguer aus Parzeläin. Do si Verkeefer déi hir Péckvillercher a Fabrécken a grousse Masse produzéiere loossen, ettlecher dovu sinn emol guer net aus Keramik, mä aus Gips. Verschiddener sinn och keng Villercher mä aner Déieren oder Saachen oder abstrakt Formen, déi éischter als Museksinstrument dénge kënnen, well se ofgestëmmt bis zu 2 Oktave spille kënnen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Péckvillercher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Vullen

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Serge TonnarZolwerknappSchëld E, 24bDullemajik (Museksgrupp)SpueneschPornofilmFurio CardoniWorld Wide WebLatäinLann zu ReilandVerkéiershiwäisschëldGemeng WëntgerIechternachKroateschHong KongOstenLaosDäitschlandAlexandra SchoosInternetNordenSiddhartha GautamaDräikinneksgaassManderfeldEric ThillBhimrao Ramji AmbedkarTilo PrücknerSchlass BiertrengEMD Serie 66Jang de BlannenLëtzebuergeschEnzyklopedieBauerOrnithologieUgandaEssenWikimediaFamill (Biologie)Gemeng DéifferdengLëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenNathalie Reuter (Journalistin)The SimpsonsLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng MierschSchëld E, 24dZäitzonBundesstaat vun den USAFC Blo-Wäiss IzegSchëld E, 25aKarl MartellCapitaniCOVID-19-PandemieFernand FoxFränz HausemerRashaffMontenegroLëscht vu lëtzebuergesche FilmerWilliam WordsworthFeilGemeng SchengenEngel AlbertIspowed nesnakomzuÉditions UltimomondoWikipediaMamerChristian RiesNazz Nazz🡆 More