De Michel Clees, gebuer den 8.
Mäerz">8. Mäerz 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Medezinner (Gynekolog), Schrëftsteller, Liddermécher a Schauspiller.
Michel Clees | |
---|---|
Gebuer | 8. Mäerz 1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Gynekolog |
Vun 1975 bis 1981 war hie Member vum Schülertheater am Escher Jongelycée, wou hien ënner der Leedung vum Ed Maroldt seng éischt Optrëtter als Schauspiller hat.
De Michel Clees war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband a war vun 1999 bis 2020 President vum Verwaltungsrot vun der Kufa.
De Michel Clees war Hausauteur vum Théâtre National du Luxembourg an der Spillzäit 2019/2020. An deem Kader gouf d'Stéck "Captcha" am Januar 2020 uropgefouert. Dat fir Mäerz 2020 geplangte Stéck Parterre konnt awer wéinst de Covid-Mesuren eréischt am Januar 2021 fir d'éischt opgeféiert ginn.
Commons: Michel Clees – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Clees, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.