E Wiki ass eng dynamesch Websäit wou all Visiteur d'Säite verännere ka wéi et him gefält.
Dëst erméiglecht e séieren Informatiounsaustausch an eng séier Informatiounsverbreedung.
Dëst ass e rezent Konzept, och wann et déi technesch Méiglechkeeten dofir schonn zanter e puer Jore gëtt. Seng einfach Handhabung huet et an den 2000er Joren méiglech gemaach, datt eng ganz Partie där Site gegrënnt goufen.
Den Numm Wiki kënnt aus dem hawaianeschen a bedeit souvill wéi séier. De Ward Cunningham, de kreative Kapp hanner dem Wikisystem huet dësen Numm benotzt, fir den éischte Site vun dëser Kategorie ze benennen, de WikiWikiWeb.
De Prinzip ass einfach: et handelt sech ëm e kooperative Modell fir Dokumenter ze schreiwen. Konkreet bedeit dat, datt all Visiteur deen d'Säit liest, se och verännere kann. Dës Ännerunge gi gespäichert an den Historique ass fir all Mënsch zougänglech.
Wann de Wikisystem e Konzept ass, sou gëtt et eng Rei Programmer, déi en effektiv ëmsetzen.
Commons: Wiki – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.