De Jean (Muck) Huss, gebuer de 26.
Mäerz 1947 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen déi gréng- Politiker.
Jean Huss | |
---|---|
Gebuer | 26. Mäerz 1947 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | déi gréng |
De Jean Huss, dee vu Beruff Professer ass, war bis 1983 an der sozialistescher Partei, a war ee vun de Grënner vun déi gréng. Hie setzt sech virun allem fir eethesch a sozial Theemen an, a war och Corapporteur vum Gesetz iwwer d'Depenaliséierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg.
Hie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Mäerz 1990 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Januar 1995 Conseiller am Escher Gemengerot. Dono war hien nees vu Juni 2000 bis Januar 2014 Conseiller vun der Gemeng Esch-Uelzecht.
Hie war vum 16. Juli 1984 bis de 14. September 1987 a vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber. Vum 18. Juli 1994 u war hien nees Deputéierten; hie gouf 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.
De 6. Juli 2011 huet hie säi Mandat néiergeluecht a gouf vun der Josée Lorsché ersat.
Nieft der institutioneller Politik ass de Jean och aktiv bäi AKUT.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean Huss, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.