D'Claudine Muno, gebuer den 2.
Juli">2. Juli 1979, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Musekerin a Journalistin.
Claudine Muno | |
---|---|
Gebuer | 2. Juli 1979 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Sänger, Journalist |
No hirer Première um Fieldgen studéiert d'Claudine Muno Geschicht an Anglistik um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an op der Universitéit Stroossbuerg. Si mécht hir Maîtrise iwwer Lëtzebuerger Filmer iwwer den Zweete Weltkrich. Si schafft als fräi Mataarbechterin beim Wort a beim Télécran, an dann als Kulturredaktesch bei der Woxx.
Scho mat 16 Joer huet d'Claudine Muno hiren éischte Roman, The Moon of the Big Winds (op Englesch) geschriwwen. Et koume bis ewell véier Romaner (op Franséisch, Däitsch an déi zwéi lescht op Lëtzebuergesch), an zwee Kannerbicher no.
D'Claudine Muno ass och am Theater aktiv, wou se d'Stéck Speck geschriwwen a komponéiert huet, an huet och Regieassistenz gemaach. Och als Sängerin a Komponistin ass se aktiv. Nodeem hir Band Lunaboots sech 2012 opgeléist huet, spillt si an der Band Monophona. Zesummen hu si bis ewell aacht CDen erausginn.
D'Claudine Muno enseignéiert am Lycée Ermesinde wou se an der Sektioun Musique mat zwee anere Leit aus der Band The Luna Boots mat de Kanner Musek mécht. Si huet eng eege Band mat de Schüler gegrënnt, an där si Gittar spillt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Claudine Muno, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.