Luxemburger Wort: Lëtzebuerger Dageszeitung

D'Luxemburger Wort mam Ënnertitel für Wahrheit und Recht ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung, déi den 23.

Mäerz">23. Mäerz 1848 fir d'éischt erauskoum. Et ass déi eelst Zeitung zu Lëtzebuerg, déi haut nach erauskënnt, a mat ronn 68.000 Exemplairen (Stand 2010) och déi mat der héchster Oplo. Se gouf vun hirer Grënnung bis 2021 vum Medienhaus Saint-Paul Luxembourg erausginn. Nodeems dat vum Grupp Mediahuis iwwerholl gi war, heescht de Verlag zanter dem 19. Juli 2021 Mediahuis Luxembourg S.A.

Luxemburger Wort
Luxemburger Wort: Geschicht, Zuelen, Chefredakteren
Luxemburger Wort: Geschicht, Zuelen, Chefredakteren
Typ Dageszeitung
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Englesch,
Lëtzebuergesch
Éischt Ausgab 23. Mäerz 1848
Land Lëtzebuerg
Besëtzer Mediahuis Luxembourg
Editiounshaus Mediahuis Luxembourg
Websäit www.Wort.lu
Luxemburger Wort: Geschicht, Zuelen, Chefredakteren


Luxemburger Wort: Geschicht, Zuelen, Chefredakteren
Logoe vu fréier

Well d'Zeitung vun de Leit dacks och nëmmen einfach d'Wort genannt gëtt, hat si hiren Titel dowéinst de 17. Mäerz 2005 an d'Wort ëmgeännert, dhuet dat en 22. Mäerz 2008 awer nees réckgängeg gemaach. Die Warte / Perspectives, allgemeng als Die Warte bekannt, ass eng kulturell Bäilag déi all Donneschden am Luxemburger Wort läit.

Geschicht

D'Luxemburger Wort ass just 3 Deeg nom Ophiewe vun der Pressezensur am Däitsche Bond erauskomm, op Initiativ vum Oochener Johannes Theodor Laurent, Direkter vum Seminär an Apostolesche Vikar zu Lëtzebuerg. D'Aktionäre vun der Sankt Paulus Druckerei, déi dohanner stounge, ware kathoulesch Politiker an ee Geeschtlechen: Charles-Gérard Eyschen, Jean-Philippe-Christophe Würth, Jean-Mathias Neumann-Würth, Michel Jonas a Bernard Ambrosy. D'Redaktioun bestoung aus elauter Kleriker, Chefredakter war den Edouard Michelis. Et stoung a staarker Oppositioun zu der liberaler Regierung. Och mam Grand-Duc huet et sech ugeluecht ("Kann ein katholisches Volk durch einen protestantischen Fürsten gut regiert werden?" housch et an engem Artikel).

Vun 1848 bis 1864 koum d'Luxemburger Wort zweemol an der Woch eraus, mëttwochs a samschdes owes, mam Datum vum Dag drop. Nodeem d'Stempelsteier ofgeschaaft gouf, koum d'Zeitung mëttwochs, freides a samschdes eraus. Eréischt 1864 gouf et eng Dageszeitung.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Luxemburger Wort zu der Grënnung vun der Rietspartei bäigedroen. An der 2. Hallschent stoung et der CSV no. Dee ganze Kale Krich duerch hat et eng ferm anti-sowjetesch a pro-amerikanesch Haltung, déi keng Nuancen zougelooss hunn. Och vun der Haltung vun der Kathoulescher Kierch ass ni ofgewach ginn, a Glawensfroe souwisou, mä och a Gesellschaftsfroen. Eréischt zanter e puer Joer ass eng méi kritesch Haltung vis-à-vis vun der Regierungsaarbecht, un där d'CSV bedeelegt ass, festzestellen.

Luxemburger Wort: Geschicht, Zuelen, Chefredakteren  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


De 4. Juli 2022 gouf déi lescht Editioun vum Luxemburger Wort zu Gasperech gedréckt. Vum 5. Juli 2022 un gëtt d'Wort an der Mediahuis-Dréckerei zu Paal-Beringen an der Belsch gedréckt an op Lëtzebuerg geliwwert, wou d'Post da fir d'Ausdeelen zoustänneg ass.

Sëtz

Déi éischt 4 Jorzéngte hunn den Editeur an den Drécker vum Wort dacks gewiesselt. No der Grënnung vun der Sankt-Paulus-Dréckerei gouf dës, an och de Sëtz vun der Zeitung, an e Gebai op der Theaterplaz ënnerbruecht. Wéi dat ze kleng gouf, huet d'Luxemburger Wort en neit Gebai an der Siegfridstrooss (nom Zweete Weltkrich an Origer-Strooss ëmgenannt) um Plateau Bourbon am Garer Quartier an der Stad bezunn. An den 1950er Joren huet och dëst sech als ze kleng erwisen, an et gouf en neit Gebai an der Bourbonstrooss gebaut, deem säi Grondsteen den 1. Mee 1961 geluecht gouf an dat de 27. Februar 1965 ageweit gouf.

1976 si Redaktioun, Verwaltung an Dréckerei an nei Raimlechkeetzen an de Gaasperecher Wise geplënnert, wou eng nei Offset-Dréckmaschinn a Betrib geholl gouf.

Mëtt 2021 ass d'Wort op den Houwald geplënnert, fir vun do am Dezember 2022 säi Sëtz an d'Hollerecher Strooss, nees am Garer Quartier, ze verleeën.

Zuelen

Oplo

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:

uganks 2000 ... 2003 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000 ... 0002. Tr. 2012000
79.557 ... 74.623 ... 69.500 69.253 68.432 68.079 67.954 ... 67.301

Lieserstatistik

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 47,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'(Luxemburger) Wort gelies. 2006/2007 waren et 46,50 %, 2007/2008 44,40 % an 2008/2009 43,20 %. D'Zuele fir 2010 goufen net public gemaach. 2011 waren et 43,20 %

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 153 800 Leit iwwer 15 Joer d'Wort gelies, wat 32 % vun der Wunnbevëlkerung ausmécht.

Pressehëllef

2011 huet d'Wort 1 516 769 € Staatlech Pressehëllef kritt.

Chefredakteren

Literatur

  • Pierre Grégoire (1948): Hundert Jahre Luxemburger Wort. Sankt-Paulus-Druckerei A.G.)
  • Jean-Pierre Koltz (1973): "Die verschiedenen Häuser, in denen das ,Luxemburger Wort‘ im Laufe seines Bestehens gedruckt wurde". IN: Luxemburger Marienkalender 1973.
  • Wort 1848–1998 – 150 Jahre und kein bisschen alt. Editions Saint-Paul.
  • Georges Hellinghausen (1998): 150 Jahre Luxemburger Wort: Selbstverständnis und Identität einer Zeitung (1973-1998); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 472 S.
  • Léon Zeches (2014): "Fast so alt wie der Luxemburger Staat". in: ons stad Nr. 107, Dezember 2014.
  • Romain Hilgert (2018): "Die Gegenwart unseres Volkes wiederum an dessen Vergangenheit anknüpfen. Die größte und älteste Zeitung des Landes und ihre Eigentümer." d'Lëtzebuerger Land Nr.26, 29. Juni 2018, S.30-31.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Luxemburger Wort GeschichtLuxemburger Wort ZuelenLuxemburger Wort ChefredakterenLuxemburger Wort LiteraturLuxemburger Wort Kuckt ochLuxemburger Wort Um SpaweckLuxemburger Wort184823. MäerzLëtzebuerg (Land)Mediahuis LuxembourgSaint-Paul LuxembourgZeitung

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

HugenottenHaaptsäitBléck/ArchiverJeunesse EschAfghanistanLëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen23. Abrëll20051852Foussball ÉierepromotiounGarri Kimowitsch KasparowJean-Claude JunckerLouis vu LëtzebuergLaurent SchleyJang de BlannenBuerg SimmerLëtzebuerg (Stad)Ara (Stärebild)Olympesch SpillerKleeschenMuttergottesoktavPeléVilla ClivioSeechenNordmazedonienIranNina Grach-JascinskypechbandOrganisatioun vum Nordatlantik-TraitéBloArno SchmidtMickey MouseGeorge S. PattonFoni TissenRtl.lu27. MeeHäerdchesleeAlerte au SudSonnenzäitTulio DemicheliDorothy LamourPaul ReilesAuriga (Stärebild)HeraklesDäitsch Demokratesch RepublikPéckvillchenFernand BarnichAloyse KayserGilles GenotWest SussexCanton de Caen-6FriddensgeriichtÄishellegBlue (Film 1968)FräihandelszonKuer1969Tom JungenLoretta YoungKouertLycée de garçons d'Esch-sur-AlzetteGrus (Stärebild)Régine RenchonArnhemHousekerSerge Tonnar8. Joerhonnert v. Chr.HämmelsmarschGréiwels🡆 More