Seechen

Am éischte Sënn vum Wuert ass eng Seechen eppes Geschwates.

An engem méi spezifesche Sënn ass eng Seechen e Sammelbegrëff fir mëndlech iwwerliwwert Erzielungen, an deenen e Fonke Wourecht ass. Dee Moment stellt sech d'Seechen am Wourechtsgehalt iwwer d'Märchen.

Grondsätzlech kann een tëscht Volleksseechen an Eepos ënnerscheeden.

Den Inhalt oder d'Motiv vun enger Volleksseeche kënne vun anere Kulturen oder Vëlker iwwerholl sinn (Wanderseechen), mä ginn awer meeschtens mat lokale Spezifizitéite vermëscht.

Bei der eepescher Seechen handelt et sech éischter ëm eng archaesch Form vu Geschichtsschreiwung aus Zäite wou sech d'Noriichten nach vu Mond zu Mond verbreet hunn. Iergendwa goufen dës Noriichten dann an enger Konschtform néiergeschriwwen. Dozou gehéiert d'nordesch Saga, d'Artusseechen an d'griichescht Eepos.

Eng Seechen ass - anescht wéi e Märchen - enk mat enger Plaz oder engem Datum verbonnen, an tëscht dëser Welt an der nächster gëtt e groussen Ënnerscheed gemaach.

Wann eng Seechen entsteet, vermësche sech dat Objektiivt a Subjektiivt därmoossen, datt eppes Iwwernatierleches de Kär vun der Seeche gëtt.

Literatur zum Theema

  • Edmond de la Fontaine, 1882: Luxemburger Sagen und Legenden. Luxemburg: Jos. Beffort.
  • Nicolas Gredt, 1883: Sagenschatz des Luxemburger Landes. Gesammelt von Dr. N. Gredt. 645 S. Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg. (Tiré-à-part aus den Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Band 36). Neieditioun: 1963, Dréckerei Kremer-Müller, Esch-Uelzecht.
  • Alain Atten, 1996, Erzählungen und Legenden aus dem Grossherzogtum, virgerstallt vum Alain Atten, iwwerdroe vun der Liette Derrmann-Loutsch an dem Romain Jeblick, Éd. Schortgen, Esch-Uelzecht, ISBN 2-87953-017-2
  • Bridder Grimm: Deutsche Sagen
  • Gustav Schwab, Sagen des klassischen Altertums

Um Spaweck

Tags:

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Haaptsäit(136199) ErisHellespontCapellenPierre RauschDesniéEnzyklopedieAlfred HitchcockMiel1323Stater Tram19572022Côte de La RedouteLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëntgen13Uerdnung (Biologie)GeometrieKachkéisBockfielsMinettsgéigendMuttergottesliddPierre FriedenLëtzebuergesch KichespezialitéitenBernard FeltenWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Cathy ClementDe FeierwonJules WernerRTL GroupL'enquêteGriichelandJohn Churchill, 1. Herzog vu MarlboroughDagestanPatrick SanaviaLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenPéiterséileginselAlexei Sergejewitsch IonowMichel LegrandPit Romersa2012Benito MussoliniMediaWikiDominique LangTali GolergantPoison (Film 2023)Georges MischoEd LauterLudwig LevyKoordinéiert WeltzäitRéimechDonald TrumpFC Déifferdeng 03Henri vu Lëtzebuerg23. JuniCorinna HarfouchCoupe de Luxembourg (Foussball)Ernest Arendt (Affekot)Lëtzebuerger Filmpräis 2016Rtl.luJean-Pierre FlohrWeltgesondheetsorganisatiounGirl with a Pearl Earring (Film)Perl oder Pica (Film)🡆 More