De Feierwon: Lidd vum Michel Lentz

De Feierwon ass e Lidd vum Michel Lentz.

De Feierwon: Lidd vum Michel Lentz Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lidd "De Feierwon". Fir de Feierwon, mat deem de Prophet Elias laut 2Kön 2,11 an den Himmel gefuer soll sinn, kuckt wgl. Symbolik vum Feier an der Bibel.

Et gouf de 4. Oktober 1859 fir d'éischt gesongen, an zwar fir den éischten Zuch ze feieren, deen deen Dag vun der Stater Gare fortgefuer ass.

De Feierwon: Lidd vum Michel Lentz
Partitioun vum Feierwon

Um Knuedler, op der Trap virum Stadhaus, gouf et vun engem Chouer virgedroen, an den Text ass op Ziedelen un d'Leit verdeelt ginn. Den ursprénglechen Titel war D'Letzeburger. D'Lidd gouf séier am ganze Land bekannt a populär. Dee leschte Saz aus dem Refrain gëtt geleeëntlech als Nationalmotto vu Lëtzebuerg ugesinn (wat et awer net ass). Dëse gouf vun de Leit och alt a "Mir wëlle jo keng Preise ginn" ëmgewandelt.

An den 1960er a 1970er Jore waren déi lescht Täkt vun der Melodie vum Feierwon all Dag am Ufanks- a Schlussclip vun den Emissioune vun Télé Luxembourg ze héieren.

Text

De Feierwon deen ass bereet,

E päift duerch d'Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwwer d'Strooss vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Datt mir nun och de Wee hu fonnt,
Zum éiweg grousse Vëlkerbond,

Refr.:
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wëllen iech ons Heemecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
Frot dir no alle Säiten hin,
Wéi mir esou zefridde sinn.

Mir hale fest un onser Scholl,
Vu Léift fir d'Land sin d'Hiezer voll;
Wa mir och keng Milliounen zielen,
Dir gëtt ons uechter d'Welt ze wielen;
Mir ruffen all aus engem Monn:
Kee bessert Land beschéngt jo d'Sonn!

D'Natur, déi laacht ons iwerall,
Si rëscht de Biereg an den Dall
Mat Fielse wéi gewalteg Risen,
Street Blummen iwwer Gaart a Wisen:
Kee Këppchen Ierd, wou Halm a Räis
Net riede vun dem eise Fläiss

An d'Voll'k a mengem Heemechtsland
Huet géint all Mënsch d'Häerz op der Hand;
Seng Fräiheet deet em d'Ae blénken,
An d'Trei, déi deet seng Wierder klénken;
Seng Sprooch mat hire friemen Téin,
D'Gemittlechkeet, déi mécht se schéin.

Mir hu keng schwéier Laascht ze dron
Fir eise Staatswon dunn ze gon;
Keng Steire kommen äis erdrecken,
Keen Zwang de fräie Geescht erstécken;
Mir maache spuersaam eise Stot,
Kee Bierger a kee Bauer klot.

An huet dir dann de Wäert erkannt
Vum klenge Lëtzebuerger Land,
An dir musst fort rem vun eis goen,
Da kënnt dir an der Heemecht soen:
't ass d'Gréisst net grad, déi d'Gléck bedeit,
Well an deem Land si glécklech Leit!

Kuckt och

Um Spaweck

Tags:

18594. OktoberGare LëtzebuergMichel Lentz

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Tuerm vu BelémConservative Party (Vereenegt Kinnekräich)PerseschCarlo ClasenPaul SontagD'Engelcher vu SchëndelsDer Luxemburger Hinkende BoteGeorges RavaraniMartine KempRusslandMike WelterOffice des publications de l'Union européenneDelta (Rakéit)Der Neue PaulyEdsunDe LäbPhilip CrowtherRanga YogeshwarTschadGaston DiderichWeltraumgareLewis CarrollLuxiteWilliam Howard TaftHenri PirenneMinière Prince HenriGriichesch MythologieGemeng EttelbréckOntologieDe l'Etat à la Nation. 150 Joer onofhängegQuod erat demonstrandumArabeschSimone BeckStater TramThe Notorious B.I.G.William WordsworthGaston ReineschÉmile Krier (1949)BibelRätoromaneschInformatiounInterlingueZigarettLéon LavalFinnlandFrançoise KempBelinda LeeSwahiliMichel LentzConseil économique et social (Lëtzebuerg)KotlettHaaptsäitJointTim HensgenAserbaidjaneschLëtzebuergeschCatherine LorentClaude FrisoniDan SpogenLëscht vun den Zecken zu LëtzebuergSchëld E, 26aEdmond de la FontaineRegierungsbezierk UewerbayernSankt PéitersbuergMyriam Spiteri Debono1969François TeschInternet🡆 More