D'Cathy Clement, gebuer den 2.
August">2. August 1979 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin a Molerin. Si moolt abstrakt Biller, wou si dacks mat Collagë schafft. Si hat eng grouss Ausstellung zesumme mat der Kënschtlerin Nadine Boor zu Branebuerg an der Aler Millen. Si hält Liesungen a Workshoppen a Lycéeën.
Cathy Clement | |
---|---|
Gebuer | 2. August 1979 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Infirmier, Auteur, Moler |
D'Cathy Clement huet zwee Kanner. Si lieft am Norde vum Lëtzebuerger Land a schafft als Infirmière. D'Schreiwen, d'Liesen an d'Mole sinn hir Hobbyen.
Si huet wärend dräi Joer Buchkritike fir RTL Radio Lëtzebuerg gemaach.
Hir Passioun ass Japan. D'Reesen am allgemenge bréngen hir d'Inspiratioun fir nei Bicher, Texter a Biller.
Hir Kuerzgeschicht Mediterranean Cruise gouf op Englesch an Dänesch am Buch Odyssey verëffentlecht.
Si war 2017 fir Lëtzebuerg zesumme mat 38 aneren europäeschen Auteuren zu Aarhus an Dänemark um Hay Festival.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Cathy Clement, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.