D'Margaret Hilda Thatcher, Baroness Thatcher of Kesteven, gebuer den 13.
Oktober">13. Oktober 1925 zu Grantham, Lincolnshire als Margaret Hilda Roberts a gestuerwen den 8. Abrëll 2013 zu London, war eng brittesch Politikerin. Si war vun 1975 bis 1990 Leader vun der Conservative Party a vu Mee 1979 bis November 1990 Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich. Si war déi éischt Fra an deem Amt a gouf zweemol erëmgewielt.
Margaret Thatcher | |
---|---|
Gebuertsnumm | Margaret Hilda Roberts |
Gebuer | 13. Oktober 1925 Grantham |
Gestuerwen | 8. Abrëll 2013 |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Somerville College |
Aktivitéit | Politiker, Chimist, Autobiograph, Staatsmann |
Partei | Konservativ Partei |
Member vun | Royal Society, Privy Council vum Vereenegte Kinnekräich |
1970 bis 1974 war si ënner dem Premier Edward Heath Ministesch fir Kultur a Wëssenschaften.
Als Premierministesch hat si de Spëtznumm Iron Lady ("Eisen Dame") a war bekannt fir, op innepoliteschem Plang, hire Kampf géint d'Gewerkschaften, d'Kierze vu Sozialleeschtungen an d'Privatiséierunge vun enger sëllege Staatsbetriber ("Thatcherismus"). Aussepolitesch bleiwe virun allem hir Roll am Falklandkrich an, op europäeschem Plang, hiren Asaz fir méiglechst vill vun der brittescher Kontributioun zum EG-Budget erëmzekréien an Erënnerung.
An de leschte Jore vun hirem Liewen ass si net méi ëffentlech opgetrueden, si huet ënner Demenz gelidden. Si ass den 8 Abrëll 2013 un de Suitte vun engem Schlag gestuerwen.
0-333-34439-1
Commons: Margaret Thatcher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Margaret Thatcher, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.