De Josy Braun, gebuer de 14.
Januar">14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. August 2012,, war e lëtzebuergesche, Journalist a Schrëftsteller.
Josy Braun | |
---|---|
Pseudonym | de fiischen, cactus, -cactus-, j.b., jb, Jeff, JoB, Monni Jéis, Nekel |
Gebuer | 14. Januar 1938 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 4. August 2012 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist, Gewerkschaftler, Dichter |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Association luxembourgeoise des journalistes, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Josée Klincker |
No der Primärschoul zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch, an der École apostolique vu Clairefontaine gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär [watereng Gewerkschaft], a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.
De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vu senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.
De Josy Braun war:
Hie gouf e puermol am Kader vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent, a krut d'Sëlwerplackett vun der Actioun Lëtzebuergesch.
Deen éischte Kriminalroman a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1997 bei den Éditions Phi erauskoum, war laang vergraff. 2006 ass e bei den Éditions Josy Braun nees nei erauskomm.
Bannent kuerzer Zäit stierwe sechs Leit u vergëftem Porto. Wann d'Sûreté mengt, et hätt een et op d'Affekoten ofgesinn, da gëtt déi Theorie doduerch op d'Kopp gehäit, datt et och ganz aner Persounen erwëscht.
Iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, gouf dës lëtzebuergesch-portugisesch Geschicht vum Verlag Campo das letras vu Porto am Abrëll 2007 erausbruecht. E gouf den 3. Abrëll 2007 an der Portoskellerei Ferreira zu Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll 2007 am Grémio literario zu Lissabon virgestallt.
Zu Lëtzebuerg war déi offiziell Virstellung de 4. Juli, am Moment, wéi Portugal d'EU-Presidence iwwerholl huet.
Dëse Roman spillt an engem klengen Duerf. D'Haaptpersoune sinn en ale Mann an e klenge Jong, déi sech eleng derduerch schloen. Mat engem Ziedel, deen dem Tolly aus engem vergiessene Buch entgéintfält, gëtt e vergaangent halleft Joerhonnert nees waakreg. "Kréiwénkel" ass e verdreemte Roman an zugläich eng Geschicht, déi een an Otem hält.
Éditions PHI
Et si Kuerzgeschichten op Däitsch, iwwer Leit, déi op der Schietsäit vum Liewe stinn.
Éditions PHI
Klenge Roman op Däitsch, op der Basis vun enger wouerer Geschicht. E jonke kriibskranke Museker huet en ausgefalene leschte Wonsch, a seng Kolleegen aus der Band verspriechen him, dee Wonsch z’erfëllen.
Eegeverlag
Vergraff:
An deem Buch geet et net nëmmen ëm dem Charly seng grouss Oueren, déi engem Puppelchen d'Liewe retten, mä och ëm den Tinnchen an säin Täschemesser, ëm de Patrick, deen nuets an engem Auto agespaart ass, ëm den Teddy, deen dem Papp Ieselsbrécke baut, ëm dräi Kazen, ëm e Papp dee mengt, hie wier eng Respektspersoun, ëm en onheemleche Strummert, ëm dem Professer Kueb seng Strofen, ëm e verréckte Sylvestermenü asw.
Éditions PHI
A 75 Gedichter gëtt d'Geschicht vun den Zwillingen Zëss a John erzielt. De John ass kee ganz schéinen, mä schonn als klenge Bouf staark wéi en Uess. D'Zëss mat de rouden Hoer ass eng léif kleng Maus, mä heiansdo eng richteg Zatz, dat mat de Geeschter vun der Buerg, mat den Eilen a mat de Kuebe schwätzt an dat och zaubere kann.
Éditions PHI
Déi Gedichter riichte sech u Kanner vu 5 bis 12 Joer. D'Buch huet, soubal wéi et eraus war, seng Prouf bei de Kanner bestanen. D'Léierpersonal schafft an de Schoulen domat, e puer vun de Gedichter stinn och am Schoulbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer "Lies a fléi".
Éditions PHI
Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch «Le Petit Prince» koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, eraus.
Éditions PHI
D'Numia ass e Weesekand a kënnt aus engem Land, dat wäit ewech vu Lëtzebuerg läit: Fantamira. D'Kanner vu Juckebuerg hunn dat brongt krauselegt Meedchen immens gär, mä e puer grouss Leit fannen, datt d'Numia besser do wier, wou de Peffer wiisst... E Märchen, an deem et besonnesch ëm d'Léift zu alle Mënschen an ëm de Respekt virun der Ëmwelt geet.
Eegeverlag
Commons: Josy Braun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Josy Braun, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.