Le Petit Prince ass dat wuel bekanntste Wierk vum franséischen Auteur a Pilot Antoine de Saint-Exupéry.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et handelt sech ëm eng poetesch a philosophesch Erzielung. D'Originalausgab ass déi Englesch Iwwersetzung, déi de 6. Abrëll 1943 beim New-Yorker Editeur Reynal & Hitchcock erauskoum. Déi éischt franséisch Editioun koum e puer Deeg drop, den 20. Abrëll 1943 beim selwechten Editeur eraus. Eréischt am Abrëll 1946 kënnt d'Buch a Frankräich eraus (bei Gallimard).
Le Petit Prince gehéiert zu deene Wierker, déi am meeschten iwwersat goufen. D'Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Josy Braun, De klenge Prënz, koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, bei Éditions Phi eraus. Hei e klengen Auszuch:
A, klenge Prënz, lues a lues hunn ech däi klengt melancholescht Liewe verstanen. Fir dech opzemonteren has de laang weider näischt wéi d'Sonn, wann déi lues ënnergaangen as. Dat hunn ech dee véierten Dag verstanen, wéi s de mer gesot hues: Ech gesi sou gär, wann d'Sonn ënnergeet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Le Petit Prince, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.