Dag: Zäitmooss

Zäitmooss: Am Miesswiese gëtt den Dag formelméisseg beschriwwen als eng

Dag: Den SI-Dag, Kalennerdag, Astronomesch Deeg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den SI-Dag

Kalennerdag

Zäitspan: An der Kalennerrechnung (deem bei eis gebräichlech gregorianesche Kalenner) d'Zäitspan vun enger Hallefnuecht bis zu der nächster Hallefnuecht.

    Eng Zäitspan vu 24 Stonnen, déi um 00:00 ufänkt an um 24:00 en Enn huet. 24:00 Auer fält mat dem Ufank vum nächsten Dag zesummen (ISO 8601)

D'Kalennerdeeg ginn no der ISO 8601 bannen engem Mount vun 1 un als Kalennerdatum fortlafend nummeréiert an an engem Datumsformat schrëftlech fixéiert. Ausserdeem ginn hinnen, vu Mount a Joer onofhängeg, a fester Reiefolleg e Wochendag zougewisen. Domat beschreift d'Dageszuel eng fortlafend Zäitskala (linear Zäit), am Ënnerscheed zum Wochendag, dee sech a sengem Oflaf reegelméisseg widderhëlt (zyklesch Zäit).

Den Ufank vum Dag um Hallefnuecht ass vun astronomesche Konventioune beaflosst. Aner Kalennersystemer setzen den Ufank vum Dag op de Sonnenopgang. Am jiddeschen an am islamesche Kalenner ëmfaasst den Dag d'Zäit vun engem Sonnenënnergank bis zum nächsten.

Vollen Dag

Am Droit geet alt emol vum „vollen Dag” ((fr) jour franc) rieds, absënns wann et ëm d'Berechne vun Delaie geet. Am Lëtzebuerger Droit ass e Gesetz am Allgemengen dräi voll Deeg nodeems et am Mémorial publizéiert gouf gülteg, ausser et ass explizitt en aneren Datum virgesinn.

Fir dräi voll Deeg ze zielen, gëtt den Dag vun der Publikatioun net gerechent. Duerno zielen dann dräi Periode vu 24 Stonnen.

Beispill: Publikatioun am Mémorial ass op engem Méindeg, dräi voll Deeg duerno sinn de Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg. D'Gesetz zielt vum Freideg 00:00 un.

Wann den Delai dann op e Samschdeg, e Sonndeg oder e Feierdag fält, zielt et eréischt vum nächste Schaffdag un.

Astronomesch Deeg

Am astronomesche Sënn ass en Dag eng vollstänneg Ëmdréinung vun der Äerd.

Sidereschen Dag

    D'Ëmdréiungszäit vun der Äerd a Bezuch op d'Fixstäre.
    Dauer: 23 Stonnen, 56 Minutten an 4 Sekonnen

Stärendag

    D'Ëmdréinungszäit vun der Äerd a Bezuch op d'Kulminatioun vum Fréijoerspunkt. Op him berout d'Stärenzäit. D'Dauer ass nëmmen am Zéngtelsekonnenberäich verschidde vum sidereschen Dag, fir exakt astronomesch Berechnungen awer vu Bedeitung.

Ephemeridendag

    Den Dag, den op der Ephemeridensekonn respektiv der Ephemeridenzäit opbaut

Besonnesch Bedeitung haten an hunn d'Sonnen- a Stärenzäit vum Nullmeridian fir d'Festleeë vun der Weltzäit oder fir d'Bestëmme vun Stäreplazen. Am allgemenge Sënn ass een Dag d'Rotatiounsdauer vu jiddwer Himmelskierper, also kënnt och vun engem Marsdag oder engem „Dag op dem Mound“ geschwat ginn.

Den hellliichten Dag

Den däitsche Begrëff: lichten Tag, op Englesch och awake time period, op Lëtzebuergesch hellliichten Dag entsprécht dem astronomesche Begrëff Dagesbou vun der Sonn.

De subjektiven Dag

Am alldeegleche Liewe gëtt de subjektiven Dag duerch de Rhythmus vum Opstoen a Schlofegoe bestëmmt. Den Dag gëtt dacks verallgemengert an d'Ofschnëtter Nuecht, Mueren, Virmëtteg, Mëtteg, Nomëtteg, Owend an Hallefnuecht gegliddert.

Fir déi meescht Mënsche falen déi verschidden Aspekter zesummen. Tatsächlech ergëtt awer d'Tatsaach, datt een am Wanterhallefjoer „virun Dagesufank“ opstoe muss, also den Dagesoflaf net mat dem helllliichten Dag korrespondéiert, e Widdersproch, dee sou zu sou engem Phenomeen wéi d'Wanterdepressioun féiere kann. Dësen Effekt gëtt duerch d'Summerzäit e bëssen ofgeschwächt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Day – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Dag Den SI-Dag KalennerdagDag Astronomesch DeegDag Den hellliichten Dag De subjektiven Dag Kuckt ochDag Um SpaweckDagZäitmooss

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Plëss d'AremPortugalBommeleeërNaturKFCLéa LinsterAffekotYvette RischetteElisabeth MargueKardinolLiliane Thorn-PetitLiberté - Fräiheet!Léon LavalLëscht vun de Weekapellen zu LëtzebuergWikipedia op LëtzebuergeschRégis MoesLiichtmëssdagSchëld C, 14Mathias SchiltzMichel TheatoÉdouard Kutter (1887)Marc DostertMarie-Astrid vu LëtzebuergTamilKnuedlerParc municipal (Stad Lëtzebuerg)Famill (Biologie)Claire DelcourtMarie-Antoinette vun ÉisträichVereenegt Staate vun AmerikaDullemajik (Museksgrupp)Emile MunhovenRenaissanceTony KellenCharlotte vu LëtzebuergLondonLëschLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergAmerika (Kontinent)KlëppelkrichWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Rond-point SerraJo KoxSociété à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)HaushongLiteraturOns stadBenevolatPiret MängelT the BossRiedelenDelmeschbaachNassau-WeilburgEric FalcheroPëtzAdalbert BorosWaldbëlleger AffärDavid GoldrakeHannert dem AtlantikTatjana Nikolajewna KljujewaMäerteskierch vu JonglënsterPéitruss (Film)EFMarco PoloHenri WehenkelBockfielsJean AsselbornJean-Paul LehnersSchëld F, 4a🡆 More