ChatGPT ass en Chatbot, dee vun OpenAI entwéckelt an den 30.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
November 2022 lancéiert gouf. E setzt kënschtlech Intelligenz a fir mam Benotzer ze kommunizéieren. Konkreet interagéiert de Benotzer mam ChatBot iwwer Textmessagen, sougenannt Prompts, an den Chatbot hëlt och vireg Ufroen an eegen Äntwerten als Kontext fir weider Äntwerten. D'Uwendunge gi vun einfachem Chatten iwwer Verständnisfroen bis zum Generéiere vu gréisseren Texter.
ChatGPT gouf op Basis vum grousse Sproochemodell GPT-3.5 gestart. Virgängerversioune vum Sproochemodell waren am Juni 2018 GPT-1, am Februar 2019 GPT-2 an am Juni 2020 GPT-3.
An der Bezuelversioun vun ChatGPT huet een zanter dem 14. Mäerz 2023 Accès op de Sproochemodell GPT-4. Dozou kënnt, datt een domat och op den Internet zougräife kann, an duerch d'Integratioun vun Dall-E kann ee lo dem Chatbot och Bild-Dateien gi fir z'analyséieren a sech nei Biller erstelle loossen.
Well ChatGPT vereinfacht gesot sou fonctionéiert, datt e bei sengen Äntwerten ëmmer ee Wuert nom aneren aus engem kontextbezunnene Pool vu méi oder wéineger warscheinleche Wierder eraussicht, kann en do Texter generéieren déi et an där Form sou nach ni gouf, mee gläichzäiteg kritt een de Risiko vu komplett realitéitsfriemen an erfonnten Äntwerten (de sougenannten Halluzinatiounen) ni ganz op Null gesat.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article ChatGPT, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.