Bleach, aus dem Engleschen to bleach „bleechen“, op Japanesch ブリーチ burīchi, ass e Manga, dee vum Mangaka Tite Kubo gezeechent an och als Anime ëmgesat gëtt.
An der Welt vu Bleach existéieren nieft der Welt vun de Mënschen nach aner parallel Dimensiounen. An eng vun deene Welte liewen d'Shinigami (sougenannten Doudesgötter). D'Defi Welt, Soul Society, besteet aus engen Zentrum, dem Seireitei, ronderëm dee sech de Rukongai erstreckt. De Rukongai ass deen Deel, wou déi verstuerwe Séile vun de Shinigami higeféiert ginn. De Seiretei ass souwuel d'Heemecht wéi och d'Aarbechtsplaz vun de Schinigami. D'Flichte vun de Schinigami loosse sech an zwou Aufgaben andeelen: 1. D'Iwerbrénge vun de gudde Séilen (Plus genannt) an d'Soul Society an 2. d'Vernichtung vun de schlechte Séilen (Hollows genannt). D'Plus gesinn wéi gewéinlech Mënschen aus, iwwerdeems d'Hollows wéi riseg Monstere mat Masken erschéngen. Déi Wiese ware virun hiren Doud normal Mënschen déi entweeder schlëmm Sënne verbrach hunn oder si hält nach eppes wat se bereien op der Welt vun de Stierflechen zeréck. Déi Hollows hunn nëmmen ee Sënn fir z'existéieren, nämlech aner Séilen ze friessen. Fir net vun de Shinigami zerstéiert ze ginn, verstoppe si sech déi meescht Zäit am Hueco Mundo, d'Welt vun den Hollows.
Fir hir Aufgaben z'erfëlle ginn d'Shinigami am Seireitei ausgebilt an an eng vun den 13 Divisiounen agedeelt, wou si ënner engem Kommandant a Vizekommandant hir Flichten ausféieren. Si benotze verschidden Technike vu Kido, enger Aart Zauberkraaft, déi an 2 Weeër ënnerdeelt ass: De Wee vun de Fesselen an de Wee vun der Zerstéierung. Dës Weeër besti jeeweils aus 99 Techniken, dem Nokampf an dem Zanjutsu, dat heescht den Ëmgank mat hirem Schwäert (Zanpakuto genannt). Zanjutsu besteet erëm aus dem Shikai an dem Bankai. De Shikai meeschteren d'Schinigami wa si mam Geescht vun hirem Zanpakuto kommunizéieren an hiren Numm erausfannen. D'Schwäert ännert an der Reegel seng Form a kritt eng individuell Kraaft. De Bankai beherrschen déi Schinigami, déi de Geescht vum Zanpakuto an déi richteg Welt bruecht hunn a si am Kampf besiegt hunn. D'Schwäert hëlt da meeschtens eng gewalteg Form un, mat enger Kraaft bis zu zéngmol méi staark wei de Shikai.
Mënschen:
Shinigami
Gotei 13 Elitte vun de Shinigami, si besteet aus 13 Divisiounen, Gotei 13 genannt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bleach, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.