D'Gromper (Solanum tuberosum; deels och Bupp genannt) ass eng Notzplanz déi wéi d'Tomat, de Paprika an den Tubak zur Famill vun de Solanaceae (Nuetsschietgewächser) gehéiert.
D'Planz staamt aus den Anden (Peru). Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "Gromper" just fir déi ënnerierdesch Knoll gebraucht.
Gromperen | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Magnoliophyta |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Solanales |
Famill | Nuetsschietgewächser(Solanaceae) |
Gattung | Solanum |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Solanum tuberosum | |
L. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
D'Gromper ass wat d'Quantitéiten ugeet dat véiertwichtegst Liewensmëttel op der Welt. Et gëtt eng Abberzuel Zorten, grondsätzlech ënnerscheet een an der Kichen tëscht feste Grompere fir z. B. an Zaloten (z. B. Nicola), mielzege Grompere fir Püree (z. B. Bintje), an dann déi "éischter fest" Grompere mat Eegenschaften déi do dertëscht leien (z. B. Charlotte, Désirée). D'Gromper gëtt awer och als Fuddermëttel an an der Industrie gebraucht, do ënner anerem fir Steif ze gewannen a fir d'Fabrikatioun vun Ethanol.
Hautdesdaags gëtt d'Gromper a méi wéi 100 Länner ugebaut an 2005 goufen der weltwäit 322 Milliounen Tonne gezillt. Déi gréisst Produzente sinn (a Milliounen Tonnen):
Land | 1995 | 2000 | 2005 | 2010 |
---|---|---|---|---|
China | 46 | 66 | 73 | 75 |
Indien | 17 | 25 | 25 | 36 |
Russland | 40 | 31 | 36 | 21 |
Ukrain | 15 | 20 | 19 | 19 |
USA | 20 | 23 | 19 | 18 |
Däitschland | 11 | 12 | 11 | 10 |
Polen | 25 | 24 | 11 | 9 |
Zu Lëtzebuerg goufen 2010 eng 19.500 Tonne Grompere produzéiert, ronn 80.000 Tonne manner wéi nach 1960:
Joer | 1960 | 1970 | 1980 | 1990 | 2000 | 2005 | 2010 |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Produktioun | 102.989 | 67.908 | 33.900 | 22.963 | 27.858 | 19.329 | 19.531 |
D'Éislek gëllt als Gesondlag fir d'Produktioun vu Setzgromperen. Dës Produktioun ass zanter 1945 am Kader vun der Éisleker Setzgromperegenossenschaft (Synplants) organiséiert, déi iwwer 90 % vun de Setzgromperen exportéiert, virun allem an Nordafrika.
Gepellte/geschielte Grompere bestinn zu 78 % aus Waasser, dowéinst bréngen 100g et just op 85 kcal. Donieft enthale se nach:
Wann de Proteingehalt vun de Gromperen och ganz bescheiden ass, sou huet dat wéinegt wat dran ass awer wéinstens e ganz héije biologesche Wäert (déi héchst bei de Planzen).
An der Gromper si wéi an de meeschten Nuetsschietgewächser Gëftstoffer, virun allem den Alkaloid Solanin, deen an alle gréngen Deeler vun der Planz, de Bléien an de Knollen (an do absënns an der Schuel) ze fannen ass. Duerch d'Kachen zitt en zum groussen Deel an d'Kachwaasser.
D'Knolle sollen am Däischtere versuergt ginn, soss produzéiere se nach méi Solanin fir sech géint Friessfeinden an d'Fäulnes ze schützen, wat een dorun erkennt, datt se sech gréng verfierwen. Gréng a gekéngt Grompere kënnen déck geschielt a mat erausgepickten "Aen" nom Kachen héchstens nach vun Erwuessene giess ginn, mä op kee Fall méi vu klenge Kanner.
Commons: Gromperen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gromper, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.