De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen.
E läit am Südweste vu Lëtzebuerg.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Esch-Uelzecht |
Gemengen | Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng |
Fläch | 242,77 km² |
Awunner | 189.540 |
Héicht (Moyenne) | 341 m |
E grenzt am Norden un d'Kantone Capellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²) |
---|---|---|
LU0201 | Beetebuerg | 21,49 |
LU0202 | Déifferdeng | 22,18 |
LU0203 | Diddeleng | 21,38 |
LU0204 | Esch-Uelzecht | 14,35 |
LU0205 | Fréiseng | 18,43 |
LU0206 | Keel | 14,86 |
LU0207 | Leideleng | 13,57 |
LU0208 | Monnerech | 21,40 |
LU0209 | Péiteng | 11,93 |
LU0210 | Reckeng op der Mess | 20,42 |
LU0211 | Réiser | 23,80 |
LU0212 | Rëmeleng | 6,83 |
LU0213 | Suessem | 24,42 |
LU0214 | Schëffleng | 7,71 |
Fläch vum Kanton | 242,77 |
De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat dobäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par Rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.
Sou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mä d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.
Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841 tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.
Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht sou e Milizkanton ginn ass, deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zanter 1846 mam Justizkanton iwwerenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).
Déi follgend Awunnerzuele bezéie sech op den Datum vun der Vollekszielung wat d'Jore bis 1970 an 1981, 1991, 2001 an 2011 ugeet, déi aner sinn déi vum éischte Januar.
|
|
|
|
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kanton Esch-Uelzecht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.