Hannover ass d'Haaptstad vum 1946 gegrënnte Bundesland Niddersachsen.
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hannover | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Niddersachsen |
Krees | Regioun Hannover |
Buergermeeschter | August Holweg |
Awunner | 545.045 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 204.14 |
Héicht | 55 |
Koordinaten | 52°22'28"N, 9°44'19"O |
Telefonszon | 511 |
Postcode | 30159–30659 |
Websäit | https://www.hannover.de/ |
Jumelage mat | Perpignan, Bristol, Hiroshima, Leipzig, Poznań, Rouen, Kansas City, Montréal, La Paz, Newcastle upon Tyne |
D'Stad déi op der Leine läit huet ronn 520.000 Awunner. Si gehéiert zur Regioun Hannover, engem Kommunalverband eegener Aart, an ass en Deel vun der Metropolregioun Hannover-Braunschweig-Göttingen-Wolfsburg.
Hannover war d'Haaptstad vum Land Hannover a vun 1866 un vun der preisescher Provënz mam selwechten Numm. D'Stad ass haut weltbekannt fir hir Foiren. Si läit am Schnëttpunkt vu wichtegen nationalen an europäesche Kommunikatiounsstrecken.
D'Leibnitz Universitéit huet ausserdeem zu Hannover hire Sëtz. Wichteg Employeure si Volkswagen, Continental, VHV an Talanx.
Mat der héijer Industrialiséierung an Däitschland gouf Hannover 1875 eng grouss Stad. Duerch Inkorporatioune vun 1907 an 1909 ass d'Bevëlkerung 1910 op iwwer 300.000 geklommen. Den 1. Januar 1920 gouf d'Stad Linden mat 73.379 Awunner (1919) agebaut. Während dem Zweete Weltkrich huet d'Stad méi wéi d'Halschent vun hiren Awunner verluer. Spéitstens 1960 ass Hannover all Joer eng vun de 15 gréisste däitsche Stied. Um Enn vum Joer 2020, laut dem Bevëlkerungsregister, war d'Populatioun 545,045.
Commons: Hannover – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hannover, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.