Perpignan (katalounesch Perpinyà) ass d'Haaptstad vum südfranséischen Departement Pyrénées-Orientales an der Regioun Occitanie.
Se huet 117.000 Awunner (2004).
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Occitanie | ||||
Departement | Pyrénées-Orientales | ||||
Arrondissement | Perpignan | ||||
Kanton | Perpignan | ||||
Postcode | 66000, 66100 | ||||
Gemengecode | 66136 | ||||
Koordinaten | 42° 41’ 55’’ N 02° 53’ 44’’ O | ||||
Fläch | 6.807 ha | ||||
Bevëlkerung | 118.238 (2011) |
D'Stad läit am Golfe du Lion, engem Deel vum Mëttelmier, un der franséischer Autobunn A9 (E15), ronn 70 km südlech vun Narbonne an 30 km nërdlech vun der spuenescher Grenz. Nordëstlech vun der Stad läit de Fluchafen Aeroport Perpignan-Rivesaltes, deen all Joer vu 700.000 Passagéier benotzt gëtt.
Perpignan huet och eng Universitéit an ass gekennzeechent duerch vill historesch Gebaier, besonnesch am gotesche Stil gebaut. Perpignan ass och e kommerziellen Zenter, bekannt fir den Handel mat Wäin a landwirtschaftleche Produkter.
2008 krut Perpignan de Label « Ville Internet @@@@@ ».
Commons: Perpignan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Perpignan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.