Den engleschen Ausdrock Open Source fir Oppene Quellecode gëtt meeschtens fir Computer-Software benotzt, a wëll ausdrécken datt jiddwereen de Quelltext vu sou Programmer kucken, veränneren a weidergi kann.
Et gëtt verschidde Lizenzmodeller, vun deenen déi follgend zu deene bekanntste gehéieren:
Fräi Software ass esou gutt wéi dat selwecht wéi eng Open-Source-Software, a bal all Open-Source-Software ass fräi Software. Den Haaptënnerscheed leit an der Ideologie hannert den zwee Konzepter. Open Source ass eng Entwécklungsmethod an hannert der fräier Software steet eng Sozialbeweegung. Fir déi Beweegung ass d'fräi Software eng eethesch Mussesaach, wëll nëmmen déi fräi Software de Benotzer hir Fräiheet géif garantéieren. D'Philosophie hannert Open Source dogéint këmmert sech nëmme mat der praktescher Fro, wéi een eng Software verbessere kann. Deemno wier net-fräi Software (proprietär Software) eng suboptimal Léisung. Fir d'Fräi-Software-Beweegung dogéint ass déi net-fräi Software e soziale Problem an d'Beweegen a Richtung fräi Software wier d'Léisung.
Software, déi fräi an Open Source ass, gëtt als Fräi an Open-Source-Software bezeechent.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Open Source, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.