Software (IPA: ) bezeechent an der Informatik all netphysesch an immateriell Komponente vun engem Computer oder engem Apparat, deen op d'mannst ee Mikroprozesser huet.
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Software ëmfaasst virun allem d'Computerprogrammer an d'Daten, déi vun deene Programmer verschafft ginn.
Den Ausdrock: Software steet am Allgemengen dem Ausdrock: Hardware, deen déi materiell Komponente vun engem Computer oder d'Peripherieapparate begräift, géigeniwwer.
Software, déi d'Endbenotzer gratis kënne benotzen heescht Freeware. Fräi Software an Open-Source-Software kann och gratis sinn, mee zousätzlech huet de Benotzer hei Zougank op de Quelltext.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Software, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.