Den 9.
Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 26. November 2021 verdeelt.
Ursprénglech hätt den 9. Lëtzebuerger Filmpräis sollen am Oktober 2020 ofgehale ginn, ma gouf wéinst der COVID-19-Pandemie ee Joer méi spéit, de 26. November 2021, organiséiert.
D'Präisiwwerreechung war am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg. De Fred Neuen an d'Clara Hertz hunn duerch de Programm gefouert. Present waren nieft de Persounen aus der nationaler Filmindustrie och de Groussherzog Henri a seng Fra Maria Teresa, de Premier a Minister fir Kommunikatioun a Medie Xavier Bettel, d'Kulturministesch Sam Tanson an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Wéinst der Coronapandemie huet am Sall d'Maskeflicht gegollt an d'Receptioun gouf kuerzfristeg ofgesot. D'Iesse vun der Receptioun gouf un d'Stëmm vun der Strooss gespent.
Eng éischt Kéier gouf d'Wiel an zwou Etappen duerch déi Ronn 400 Membere vun der Filmakademie gemaach: Fir d'éischt déi bescht (maximal) fënnef pro Kategorie, aus där dann ee Gewënner ausgewielt gouf. 81 Produktiounen stoungen am éischten Tour zu Auswiel, vun deenen der schlussendlech 40 nominéiert goufen, an dat fir 14 Präisser.
Et gouf och e puer nei Präisser. De Präis fir déi bescht Schauspiller gouf ënnerdeelt an ee fir déi bescht männlech an ee fir déi bescht weiblech Interpretatioun. De Präis fir déi bescht Musek, deen et schonn 2005 an 2007 gouf, gouf nees agefouert.
Nieft de Gewënner, déi duerch d'Membere vun der Filmakademie gewielt goufen, huet eng international Jury aus Profien an deem Secteur de Gewënner an der neier Kategorie vum beschte Wierk an 'augmentéierter Realitéit' ausgesicht.
D''Association luxembourgeoise de la presse cinématographique (ALPC) huet en eegene Präis wärend der Zeremonie verdeelt.
D'Zeremonie gouf op RTL.lu, RTL Play a filmprais.lu iwwerdroen.
Déi erfollegräichst Produktiounsfirma war Samsa Film mat insgesamt aacht Präisser fir De Superjhemp retörns (zwee Präisser), d'Serie Capitani (véier Präisser) an d'Koproduktioune Colectiv an Tel Aviv on Fire (jee ee Präis). De Film Sawah war zwar fënnef Mol nominéiert, mee huet awer keng Kéier gewonnen.
Déi verschidde Kategorië mat hire Kandidate sinn déi hei; de Gewënner ass fett ervirgehuewen
De Michel Delage vum Radio 100,7 huet de Choix vun de priméierte Wierker a Fro gestallt a vu "Kachkéis-Nationalismus" (Superjhemp retörns) a "Kniddelen-Nationalismus" (An zéro) geschwat. Hien huet och d'Monopolstellung vun RTL an d'Nominatiounsprozedur vun der Filmakademie kritiséiert. Och de Jeff Schinker vum Tageblatt huet d'"Mediokritéit" vun de präisgekréinte Wierker kritiséiert. An den anere Medie gouf de Filmpräis neutral bis positiv opgeholl.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëtzebuerger Filmpräis 2021, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.