Den Adolf (Ady) El Assal, gebuer de 7.
Abrëll">7. Abrëll 1981 zu Alexandria an Egypten, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a -produzent.
Adolf El Assal | |
---|---|
Gebuer | 7. Abrëll 1981 Alexandria |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur |
Kuerz no senger Gebuert ass hie mat senger Famill an d'Vereenegt Arabesch Emirater wunne gaangen, wou seng Elteren als Apdikter, resp. Doktesch, geschafft hunn. Wéi d'Géigend wéinst dem Eischte Golfkrich onsécher gouf, wollte seng Elteren an Europa emigréieren. Eischter duerch Zoufall si si op Lëtzebuerg komm an do bliwwen.
Hien ass zu Réimech an zu Rodange opgewuess an huet seng Première an Owescoursen am Lycée Michel-Lucius gemaach. Dono huet den Adolf El Assal op der Kingston University zu London Film studéiert a mat engem Master ofgeschloss. Hien huet scho wärend dem Studium Videocippe produzéiert, dorënner der fir de Craig David an de Robbie Williams.
2006 war hie Member vum Berlinale Talentcampus 2006 an e Jury-Member um Cartoons on the Bay Film Festival 2005 an Italien. Hie war och e Prix de la Jeunesse-Member um Festival vu Cannes 2006.
Mat sengem Guerilla-Film Divizionz, deen hie mam Donald Mugisha an James Tayler produzeiert huet, an deen an engem Slum an Uganda spillt, huet den Adolf El Assal d'Welt bereest an de Film hat seng Première 2008 op der Berlinale. Zanterhier war de Film op iwwer 60 Festivallen ze gesinn an huet eng sëllege Präisser doruechter gewonnen.
Säin zweete Guerilla-Film Reste Bien, Mec! hat de 16. Februar 2009 seng Première am CineBelval. 2012 an 2019 huet hien zwéi weider Filmer gemaach, Les fameux gars a Sawah.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Adolf El Assal, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.