Sawah ass e lëtzebuergesch-belsch-egyptesche Spillfilm aus dem Joer 2019 vum lëtzebuergesche Regisseur Adolf El Assal.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg Belsch Egypten |
Produktiounsjoer | 2019 |
Première | 20. Mäerz 2019 |
Dauer | 86 min |
Originalsprooch | Englesch Franséisch Arabesch Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Adolf El Assal |
Dréibuch | Adolf El Assal Dennis Foon Sirvan Marogy |
Fotografie | Nikos Welter |
Musek | Eric "Cehashi" Bintz |
Produzent | Adolf El Assal, Alexandra Hoesdorff, Désirée Nosbusch |
Produktiouns- gesellschaft | Warner Bros., Warner Bros. Pictures, Wady Films, Deal Productions |
Schauspiller | |
Karim Kassem Eric Kabongo Nilton Martins Jean-Luc Couchard Mourade Zeguendi Stéphane Bissot Paul Robert Elisabet Johannesdottir Negweny El Assal Wesley Weigel Bess Limani Dan Sluijzer Mö Sbiri Mara Taquin Sarrah Abdelrahman Mahmoud Elissy Sophie Mousel Armando Medina Ahmed El Baz Claude Humbert | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En hat seng Avant-première de 15. Mäerz 2019 um LuxFilmFest a koum den 3. Abrëll 2019 an de Kino.
De Samir, en DJ aus Egypten, gewënnt bei engem Concours eng Rees op Bréissel, fir do beim Drop Beats Festival opzetrieden. Wéinst engem Streik gëtt säi Fluch op Lëtzebuerg ëmgeleet. Bei deem ganze Gedeessems verléiert e seng Pabeieren, a fënnt sech op eemol an enger Razzia géint illegal Awanderer erëm...
D'Produktiounsgesellschaften Independent Spirit Productions a spéider Wady Films kruten tëscht Dezember 2014 a Juli 2016 dräimol e Subside an Héicht vu 30.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen. Am September 2017 huet de Filmfong entscheet, d'Filmproduktioun mat 2.635.527 Euro finanziell ze ënnerstëtzen.
Sawah ass deen éischte lëtzebuergesche Film, deen op Netflix ze gesinn ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sawah, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.