Arabesch (العَرَبِيةُ al-ʻarabiyyah oder عربي ,عربى ʻarabī) ass déi semitesch Sprooch, déi am wäitsten op der Welt verbreet ass.
De Begrëff bezeechent dat klassescht Arabesch aus dem 6. Joerhonnert (an deem spéider och de Koran geschriwwe gouf) an déi modern Sproochen, déi doraus entstane sinn (mat Ausnam vum Malteeseschen).
Arabesch (العربية) | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Majoritéitssprooch an de Memberlänner vun der Arabescher Liga; Minoritéitssprooch an Eritrea, Ethiopien Iran, Israel, Kenia, Madagaskar, Mali, Mosambik, Niger, Senegal, Südsudan, Tierkei, Tschad |
Regioun: | Afrika, Asien |
Gëtt geschwat vun: | 300 Milliounen |
Klassifikatioun no Famill: | Afroasiatesch Sproochen
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: |
Algerien
Egypten
Dschibuti
Bahrain |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | ar |
ISO 639-2 | ara |
ISO 639-3 | ara |
Héich-Arabesch oder الفصحى Fuṣḥā ass eng vun de sechs Aarbechtssprooche vun de Vereenten Natiounen. Arabesch gëtt vu ronn 206 Millioune Leit als Mammesprooch a vu 94 Millioune Leit als Zweet- oder Friemsprooch geschwat. Well se am reliéise Kontext vum Islam benotzt gëtt huet sech d'Arabescht zur Weltsprooch entwéckelt.
Héicharabesch, Modernt Standard-Arabesch genannt, ass déi eenzeg offiziell Form vum Arabeschen. Et gëtt an de meeschte geschriwwenen Dokumenter benotzt a bei formelle Geleeënheete geschwat (Virliesungen, Medien…). Marokkanescht Arabesch war eng Zäit laang a Marokko eng offiziell Sprooch, bis d'Land Member an der Arabescher Liga ginn ass.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Arabesch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.