D'Elisabeth Margue, gebuer de 7.
Abrëll">7. Abrëll 1990 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass si Justizministesch an Delegéiert Ministesch fir Kommunikatioun a Meedien, souwéi fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Frieden-Bettel.
Elisabeth Margue | |
---|---|
Gebuer | 7. Abrëll 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Jongelycée, London School of Economics, Universitéit Panthéon-Assas, Universitéit Panthéon-Sorbonne |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | CSV |
D'Elisabeth Margue huet no hirer Première am Lycée de garçons Luxembourg zu Paräis (Sorbonne an Assas) an op der London School of Economics and Political Sciences Droit studéiert an dëse Studium mat engem Master, souwéi engem LL.M., ofgeschloss.
Den 11. Oktober 2022 ass si, als nächstgewielt op der Zentrumslëscht vun der CSV bei den 2018er Chamberwalen, an d'Chamber nogeréckelt, fir d'Viviane Reding, déi hiert Mandat néiergeluecht hat. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si erëmgewielt. Si huet op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir de 17. November 2023 Ministesch fir Justiz, an Delegéiert Ministesch fir Medien a Kommunikatioun, a fir d'Bezéiunge mam Parlament, ze ginn.
Bis zu hirer Vereedegung als Ministesch, am November 2023, war si zanter 2016 Member vum Barreau vun der Stad Lëtzebuerg, zanter 2017 Member vum Stater Gemengerot, a Senior-Associée an der Affekoten-Etüd Arendt&Medernach.
D'Elisabeth Margue war vun 2016 bis 2018 Presidentin vun der CSJ. Si war du vun 2019 bis 2023 Co-Parteipresidentin vun der CSV an ass zanterhier Presidentin vun där Partei.
Si ass Mamm vun engem Meedchen.
Commons: Elisabeth Margue – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Elisabeth Margue, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.