Chamberwale Vum 8. Oktober 2023

Bei de Chamberwale vum 8.

Oktober 2023 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Chamberwale Vum 8. Oktober 2023
Walziedel aus dem Bezierk Zentrum. Fir d'éischt sinn och d'Logoe vun de Parteien um Walziedel drop gedréckt
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023
D'Walbezierker mat hirer Zuel vu Sëtzer

Den Datum vun de Wale gouf de 16. Oktober 2022 vum Staatsministère matgedeelt.

D'Zuel vun den Deputéierten, déi gewielt konnte ginn, geet vu 7 am Walbezierk Osten bis zu 23 am Walbezierk Süden. Am Norde waren et der 9, am Zentrum 21.

Walflicht a Walrecht

Jiddereen deen op der Wielerlëscht steet, ass verflicht wielen ze goen, d. h. datt all Lëtzebuerger deen den 8. Oktober 2023 op d'mannst 18 Joer al ass, zu Lëtzebuerg wunnt an dee säi Walrecht net vum Geriicht oferkannt krut, muss stëmme goen.

Wann een den Dag vun de Wale verhënnert ass, muss een dem Procureur vum Bezierksgeriicht eng schrëftlech a motivéiert Entschëllegung schécken.

A follgende Fäll ass een d'office entschëllegt an et besteet keng Walflicht méi:

  • déi Leit, déi um Dag vun der Wal an enger anerer Gemeng wunne wéi déi, an där se opgeruff si stëmmen ze goen;
  • jiddereen deen op d'mannst 75 Joer al ass;
  • d'Wieler déi ënner Momperschaft stinn.

Déi, déi verflicht sinn ze wielen an awer net an de Walbüro goe kënnen oder wëllen, kënnen am Viraus Bréifwal ufroen. Dat selwecht gëllt fir Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen. Déi genee Prozedur fir d'Bréifwal ass an den Artikelen 168 - 182 vum Walgesetz festgehalen.

Fir d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023 waren op de 5. Oktober 283.879 Wieler ageschriwwen. 70.242 (24,74 %) Stëmmberechtegt haten sech fir d'Bréifwal decidéiert; dovun hunn 63.864 Wieler zu Lëtzebuerg gewunnt an déi aner (6.378) haten hire Wunnsëtz am Ausland.

Parteien

Néng Parteien hunn an alle véier Walbezierker kandidéiert. Dobäi koumen der dräi, déi just an zwéin oder dräi Bezierker Lëschten opgesat hunn. D'Lëschteplaze goufen den 10. August 2023 vum Pierre Calmes, President vum Stater Bezierksgeriicht, festgeluecht. Dobäi gouf d'Lëschtennummer vun deene Parteien, déi och bei de Gemengewalen am Juni kandidéiert haten, bäibehalen, iwwerdeems déi vun zousätzlechen anere Parteien, déi bei de Chamberwale kandidéiert hunn, ausgeloust gouf. Dat erkläert, firwat et keng "Lëscht 8" gëtt: Dës war der Partei Mir d'Vollek bei de Gemengewalen zougedeelt ginn, d'Partei huet awer net bei de Chamberwale kandidéiert.

D'Parteie mat hire Lëschten-Nummeren an de Bezierker wou se kandidéiert hunn
Lëscht Partei Süden Osten Zentrum Norden
1 LSAP Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
2 DP Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
3 déi gréng Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
4 CSV Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
5 déi Lénk Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
6 ADR Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
7 Piraten Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
9 Fokus Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
10 Volt Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
11 KPL Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
12 Liberté - Fräiheet! Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
13 Déi Konservativ Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 

Resultater

Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
Sëtzverdeelung
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 
Sëtzverdeelung pro Walbezierk

D'CSV huet bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 hir Positioun behaapte kënnen a bleift mat 21 Sëtz déi stäerkst Partei an der Chamber. D'DP huet 2 Sëtz derbäi gewonnen (een am Zentrum an een am Süden) a kënnt op elo 14 Sëtz, iwwerdeems d'LSAP am Zentrum een zousätzlechen Deputéierte krut an elo mat am Ganzen 11 Vetrieder an der Chamber ass. Op der aner Säit hunn déi Gréng, déi zanter 2013 als Koalitiounspartner mat an der Regierung waren, Plomme gelooss a 5 vun hire bis dato 9 Mandater verluer; se sinn elo just nach mat 4 Deputéierten (2 am Zentrum an 2 am Süden) an der Chamber.

Bei deene méi klenge Parteie bleift et bei den 2 Sëtz fir déi Lénk, d'ADR krut am Osten 1 Sëtz bäi a se kënnt op 5 Deputéiert, iwwerdeems d'Piraten och 1 Sëtz (am Norden) wannen a mat 3 Mandater am Parlament vertruede sinn. All déi aner Parteien hunn et net an d'Chamber gepackt.

Méi wéi 36.000 Stëmmberechtegt, dorënner och Persounen iwwer 75, déi net méi vun der Walflicht betraff waren, sinn net wiele gaangen. 7.889 Ziedele goufen einfach wäiss ofginn a méi wéi 10.000 Walziedele waren ongülteg, well entweder ze vill Kandidate gewielt goufen, eppes op den Ziedel gemoolt gouf oder (nach) eppes aneres wéi de Stëmmziedel an der Enveloppe vun der Bréifwal louch.

Partei Prozent 2018 Sëtz 2018 Prozent 2023 +/− Sëtz 2023 +/−
CSV 28,31 21 29,21 +0,90 21 ±0
DP 16,91 12 18,70 +1,79 14 +2
LSAP 17,60 10 18,91 +1,31 11 +1
déi gréng 15,12 9 8,55 -6,57 4 -5
ADR 8,28 4 9,27 +0,99 5 +1
Piraten 6,45 2 6,74 +0,29 3 +1
déi Lénk 5,48 2 3,93 -1,55 2 ±0
KPL 1,27 0 0,64 -0,63 0 ±0
Déi Konservativ 0,27 0 0,23 -0,04 0 ±0
Fokus --- --- 2,49 0 nei
Volt --- --- 0,19 0 nei
Liberté-Fräiheet! --- --- 1,13 0 nei
Total 60

Den 9. Oktober krut de Luc Frieden vum Grand-Duc Henri den Optrag fir als Formateur ze kucken, eng nei Regierung op d'Been ze stellen. Nach de selwechten Owend ass confirméiert ginn, datt souwuel d'CSV mat der DP Verhandlungen ophuele wéilt, wéi och d'DP gewëllt wier mat der CSV ze verhandelen.

De 17. November 2023 gouf als Resultat dovun d'Regierung Frieden-Bettel vereedegt.

Gewielt an nogeréckelt Deputéiert

Alphabetesch Lëscht (klasséiert nom Familljennumm) vun der aktueller Zesummesetzung (Stand: 21. Nov. 2023) vun der Chamber, inklusiv déi Deputéiert, déi op hiert Mandat verzicht hunn an déi, déi s'ersat hunn (déi nogeréckelt sinn).

Déi aktuell Deputéiert hunn als Zuel 1 (et kann ee se duerch Uklicke vum Zortéierschëssel an der Rubrik "Zuel" beieneen uweise loossen).

Aktuell Deputéiert no de Chamberwale vum 8. Oktober 2023
Zuel Foto Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Diane Adehm CSV Zentrum direkt 19.043 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Barbara Agostino DP Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Max Hahn, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Guy Arendt DP Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Xavier Bettel, deen e Regierungsposten ugeholl huet
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Jean Asselborn LSAP Süden direkt 33.398 huet op d'Mandat verzicht; fir hie réckelt den Yves Cruchten no
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Yuriko Backes DP Zentrum direkt 23.589 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Maurice Bauer CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Luc Frieden, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  André Bauler DP Norden direkt 10.057 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Gilles Baum DP Osten nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Lex Delles, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Marc Baum déi Lénk Süden direkt 8.664 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  François Bausch déi gréng Zentrum direkt 12.605 21/11/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Simone Beissel DP Zentrum direkt 14.895 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Xavier Bettel DP Zentrum direkt 34.018 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Dan Biancalana LSAP Süden direkt 24.435 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Taina Bofferding LSAP Süden direkt 30.909 21/11/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Jeff Boonen CSV Norden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Martine Hansen, déi e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Liz Braz LSAP Süden direkt 24.284 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Corinne Cahen DP Zentrum direkt 16.365 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Sven Clement Piraten Zentrum direkt 15.074 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Francine Closener LSAP Zentrum direkt 11.392 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Yves Cruchten LSAP nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Jean Asselborn, dee säi Mandat net ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Claire Delcourt LSAP Zentrum direkt 7.394 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Lex Delles DP Osten direkt 13.042 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Mars Di Bartolomeo LSAP Süden direkt 24.663 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Alex Donnersbach CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Serge Wilmes, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Emile Eicher CSV Norden direkt 13.296 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Félix Eischen CSV Süden direkt 26.542 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Luc Emering DP Süden direkt 11.837 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Georges Engel LSAP Süden direkt 24.503 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Jeff Engelen ADR Norden direkt 8.153 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Fernand Etgen DP Norden direkt 10.529 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Franz Fayot LSAP Zentrum direkt 13.343 21/11/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Luc Frieden CSV Zentrum direkt 30.999 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Paul Galles CSV Zentrum direkt 21.495 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Léon Gloden CSV Osten direkt 13.377 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Max Goergen Piraten Süden direkt 12.856 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Patrick Goldschmidt DP Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Yuriko Backes, déi e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Gusty Graas DP Süden direkt 11.942 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Claude Haagen LSAP Norden direkt 9.076 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Max Hahn DP Süden direkt 19.477 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Christophe Hansen CSV Norden direkt 17.464 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Martine Hansen CSV Norden direkt 20.160 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Carole Hartmann DP Osten direkt 10.547 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Max Hengel CSV Osten direkt 11.942 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Fernand Kartheiser ADR Süden direkt 13.581 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Françoise Kemp CSV Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Georges Mischo, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Nancy Kemp-Arendt CSV Süden direkt 26.137 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Fred Keup ADR Süden direkt 14.763 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Paulette Lenert LSAP Osten direkt 14.345 21/11/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Marc Lies CSV Zentrum direkt 18.862 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Elisabeth Margue CSV Zentrum direkt 23.164 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Claude Meisch DP Süden direkt 17.001 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Mandy Minella DP Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Claude Meisch, deen e Regierungsposten ugeholl huet
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Georges Mischo CSV Süden direkt 30.388 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Octavie Modert CSV Osten direkt 10.208 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Nathalie Morgenthaler CSV Süden nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir de Gilles Roth, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Laurent Mosar CSV Zentrum nogeréckelt 21/11/2023 nogeréckelt fir d'Elisabeth Margue, deen e Regierungsposten ugeholl huet
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Lydie Polfer DP Zentrum direkt 19.345 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Ben Polidori Piraten Norden direkt 4.804 24/10/2023
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Gilles Roth CSV Süden direkt 31.451 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Gérard Schockmel DP Zentrum direkt 15.164 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Alexandra Schoos ADR Osten direkt 4.295 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Meris Sehovic déi gréng Süden direkt 8.323 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Marc Spautz CSV Süden direkt 26.053 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Sam Tanson déi gréng Zentrum direkt 17.983 21/11/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  David Wagner déi Lénk Zentrum direkt 6.747 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Tom Weidig ADR Zentrum direkt 6.414 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Charel Weiler CSV Norden direkt 14.483 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Joëlle Welfring déi gréng Süden direkt 12.984 21/11/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Stéphanie Weydert CSV Osten nogeréckelt 21/11/2023 nogerécket fir de Léon Gloden, deen e Regierungsmandat ugeholl huet
Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Serge Wilmes CSV Zentrum direkt 22.035 24/10/2023 16/11/2023 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Claude Wiseler CSV Zentrum direkt 21.385 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Michel Wolter CSV Süden direkt 26.922 24/10/2023
1 Chamberwale Vum 8. Oktober 2023  Laurent Zeimet CSV Süden direkt 24.128 24/10/2023

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Chamberwale vum 8. Oktober 2023 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

Tags:

Chamberwale Vum 8. Oktober 2023 Walflicht a WalrechtChamberwale Vum 8. Oktober 2023 ParteienChamberwale Vum 8. Oktober 2023 ResultaterChamberwale Vum 8. Oktober 2023 Gewielt an nogeréckelt DeputéiertChamberwale Vum 8. Oktober 2023 Kuckt ochChamberwale Vum 8. Oktober 2023 Um SpaweckChamberwale Vum 8. Oktober 2023ChamberDeputéiertenLëtzebuerg (Land)Parlament

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Pozuelo de AlarcónTelekommunikatiounAndré DuchscherRené KollwelterTali Golergant1323Marie HeinzFluchhafe LëtzebuergRaymond ClementLëtzebuerger Filmpräis 2016JoresofschlossChatGPTRobert SchumanBhumibol AdulyadejEpicerie Binck am Fond-de-GrasInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesZentralbankBlogLuxairMichel Gehrend18. SeptemberGriichelandFamill (Biologie)Charles SubervilleRond-point GluckKontrakt2012Regierung Bettel-Lenert-BauschWhatsAppBockfielsC++KnuedlerNorbert BeckerNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)RassissemWolodymyr SelenskyjBenny BergIBMJakobuskierch zu GreiweldengLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenWëllem IV. vu LëtzebuergBoosselenBernard-MassardLéif Lëtzebuerger...Lex Delles5. MeeLëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm(136199) ErisMinistère vun den ongeléiste ProblemerRobert KrantzZeilespronkverfahrenRtl.luPornofilm2020SexualitéitLissabonMazedoneschBiergerdag1675RiedelenWanterAlfred HitchcockNeptun (Planéit)FC Blo-Wäiss IzegFlouernummElisabeth vun Éisträich-UngarnLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenKasanLuc FriedenWaasser🡆 More