Wolodymyr Selenskyj: President vun der Ukraine

De Wolodymyr Oleksandrowytsch Selenskyj, gebuer de 25.

Januar 1978 zu Krywyj Rih, dunn an der Ukrainescher SSR, ass en ukrainesche Politiker (Sluha narodu), fréiere Schauspiller an zanter dem 20. Mee 2019 President vun der Ukrain.

Wolodymyr Selenskyj
Wolodymyr Selenskyj: President vun der Ukraine
Pseudonym Зелёный
Gebuer 25. Januar 1978
Nationalitéit Ukrain
Aktivitéit Politiker
Wolodymyr Selenskyj: President vun der Ukraine

De Selenskyi huet Droit studéiert an dono als russesch-sproochege Schauspiller, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Televisiounspresentateur a Filmproduzent geschafft a war 2003 Grënner vum Filmstudio Студія Квартал-95 (Studio Kvartal 95).

Hie war besonnesch beléift an der Televisiounsserie Sluga naroda ("Dinger vum Vollek"), an där en d'Haaptroll vun engem 'einfache' Schoulmeeschter, dee Staatspresident gëtt, gespillt huet. Dës Popularitéit huet mat derzou bäigedroen, dass e bei der Presidentschaftswal 2019 géint den amtéierende President Petro Poroschenko ugetrueden ass an am éischten Tour, den 31. Mäerz 2019, an am zweeten Tour, den 21. Abrëll, mat ronn 73 % vun de Stëmme gewonne huet.

Hien ass zanter 2003 mat der Olena Selenska geb. Kijaschko, bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Hie soll dem ukraineschen Oligarch Ihor Kolomojskyj nostoen, fir deem seng Televisiounschaîne 1+1 hie schafft.

Den 2. Juni 2022 huet de Selenskyj sech an enger ëffentlecher Seance iwwer Visiokonferenz an der Chamber un d'Lëtzebuergesch Deputéiert geriicht.

Filmographie

    Als Schauspiller
  • 2005: Tri mushketyora (Tëleesfilm)
  • 2009: Lyubov v bolshom gorode
  • 2010: Lyubov v bolshom gorode 2
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2012: Rzhevskiy protiv Napoleona
  • 2012: 8 erste Dates
  • 2012: Skazochnaya Rus (Tëleesserie)
  • 2014: Lyubov v bolshom gorod 3
  • 2014: Lyubov v bolshom gorode 3 (Tëleesserie)
  • 2015: 8 novykh svidaniy
  • 2015: Sluga naroda, Tëleesserie)
  • 2016: 8 luchshikh svidaniy
  • 2016: Sluga naroda 2, Tëleesserie
  • 2018: Me You He She (post-production)
    Als Produzent
  • 2009: Svaty 2 (Tëleesserie)
  • 2009: Svaty 3 (Tëleesserie)
  • 2010: Svaty 4 (Tëleesserie)
  • 2009-2010: Svaty (Tëleesserie, 3 Episoden)
  • 2011: Novogodnie svaty (Tëleesfilm)
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2011: Svaty 5 (Fernseeserie)
  • 2012: Rzhevskiy protiv Napoleona
  • 2012: Papashi (Fernseeserie)
  • 2012: 8 erste Dates
  • 2012: Chempiony iz podvorotni (Tëlees-Mini-Serie)
  • 2012: Ya budu ryadom
  • 2013: 1+1 doma (Fernseeen)
  • 2013: Svaty 6 (Fernseeserie)
  • 2014: Lyubov v bolshom gorode 3 (Tëleesserie, 8 Episoden)
  • 2016: Sluga naroda 2 (Fernseeserie)
    Als Dréibuchauteur
  • 2005: Tri mushketyora (Tëleesfilm)
  • 2006: Kushat podano!
  • 2008: Svaty (Tëleesserie)
  • 2009: Lyubov v bolshom gorode (Ideesauteur)
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2011: Legenda. Lyudmila Gurchenko (Tëleesfilm)

Um Spaweck

Commons: Wolodymyr Selenskyj – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

Tags:

197820. Mee201925. JanuarPolitikerUkrain

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Liz BrazSchëld F, 18aSchëld F, 12Jean CalvinPeter UstinovDavid LaborierRégions dévastées, EchternachKatalounienAciéries réunies de Burbach-Eich-DudelangeGroussgaass (Stad Lëtzebuerg)BankIdroséiMichel Theato.skPlace de la ConstitutionTony DutreuxBetribssystemMarcel NoppeneyIndienEngel AlbertSlowakeiGesetzVeronica FerresBemierkenswäert Beem zu LëtzebuergFair useVMinett (Äerz)Minière Prince HenriMinettsgéigendSummerzäitYvette RischetteJames Robertson JusticeYvette Gastauer-ClaireMarie-Astrid vu LëtzebuergStade rue Henri-DunantPéitruss (Film)Lëtzebuerg (Stad)Banque FortunaFailliteAlain AttenComputerspillKoordinéiert WeltzäitLiberté - Fräiheet!Demokratesch Republik KongoFamillLiliane Thorn-PetitMarc DostertAuguste-Charles LavalPaul Sontag31. MäerzTamilBréisselWikimediaCasino LuxembourgHaaptsäit/WDSAline de Saint-Hubert23. MeeLëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerStade du ThillenbergPhilippinnenEifeler ReegelLissabonJosy MeldeSociété à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)Guido OppenheimLouheckFrank GoetzCathy Clement🡆 More