D'Liz Braz, gebuer den 29.
September">29. September 1996 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Juristin a Politikerin (LSAP).
Liz Braz | |
---|---|
Gebuer | 29. September 1996 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Hubert-Clément, Universitéit vu Lëtzebuerg, Université libre de Bruxelles |
Aktivitéit | Jurist, Politiker, Deputéierten |
Partei | LSAP |
Famill | |
Papp | Félix Braz |
No hirer Première am Escher Lycée Hubert-Clément huet si op der Uni Lëtzebuerg e Bachelor am Droit gemaach an duerno op der ULB zu Bréissel e Master am „ëffentlechen an internationalen Droit“.
Si schafft zanter Mee 2023 als Chargée de mission am Ausseministère.
Am Mee 2022 huet si zesumme mam Brian Halsdorf eng sozialistesch Jugendsektioun fir de Süde gegrënnt, vun där si Co-Presidentin gouf.
Bei de Gemengewalen 2023 koum si als Drëttgewielt vun hirer Partei an den Escher Gemengerot. Am selwechte Joer huet si fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'LSAP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt.
D'Liz Braz ass d'Duechter vum fréiere Justizminister a Vizepremier Félix Braz.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Liz Braz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.