Hypertext Markup Language: Grondlag vum World Wide Web

HTML steet fir Hypertext Markup Language.

HTML gëtt och dacks als Hypertext bezeechent. Et ass e Quelltext deen duerstellt, wéi geschriwwen Zeechen oder Biller strukturell a logesch op enger Säit presentéiert ginn.

Hypertext Markup Language: Grondlag vum World Wide Web
Beispill vun HTML-Quelltext

HTML ass d'Grondlag vum World Wide Web, an et ass och den Internet-Browser, deen dës Sprooch liest, a strukturéiert duerstellt. Si kann och Metainformatiounen enthalen an Hyperlinke begräifen, déi duerch Uklicken d'Méiglechkeet ginn, aner Websäiten opzeruffen.

E Browser erlaabt et, fir sech de Quelltext unzekucken an d'Struktur vun der Säit z'änneren.
D'HTML-Sprooch ass net definitiv festgeluecht, mä ass entwécklungsfäeg.

Déi verschidde Versioune vun HTML

HTML gouf 1989 vum Tim Berners-Lee am CERN zu Genf festgeluecht. Websäit.

  • HTML (ouni Versiounsnummer, 3. November 1992): D'Urversioun, déi nëmmen op den Text orientéiert ass. Websäit
  • HTML (ouni Versiounsnummer, 30. Abrëll 1993): Zum Text kommen nieft verschiddenen Attributen wéi fett oder kursiv Duerstellung och d'Bildintegratioun dobäi.
  • HTML 2.0 (November 1995): Déi mat RFC 1866 definéiert Versioun féiert ënner anerem d'Formulairetechnik an. Dës Versioun ass elo iwwerholl.
  • HTML 3.0: Dës Versioun ass net publik ginn, well se schonn iwwerholl war, wéi se fäerdeg gestallt gouf.
  • HTML 3.2 (14. Januar 1997): Nei an dëser Versioun sinn eng Rei vu Méiglechkeeten a Bezug op Tabellen, Textfloss ëm Bilder, Abanne vun Applets.
  • HTML 4.0 (18. Dezember 1997)
  • HTML 4.01 (24. Dezember 1999): Ersetzt HTML 4.0 mat villen, klenge Korrekturen. Et ass déi lescht HTML-Versioun.
  • XHTML 1.0 (26. Januar 2000): Eng Neiformuléirung vun HTML 4.01 mat Hëllef vun XML.
  • XHTML 1.1 (31. Mee 2001): Nodeem XHTML a Modullen opgedeelt gouf, ass mat XHTML 1.1 eng strikt Versioun definéiert ginn, bei där déi mat HTML 4 agefouert Variante Frameset an Transitional ewechfalen.
  • XHTML 2.0 (Projet): Dës Versioun baséiert net méi op HTML 4.01 a féiert e puer nei Symboler (Tags) an.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: HTML – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Quelltext

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Charlotte GainsbourgRita Levi-MontalciniManuel CardoniNGC 138Cercle municipalAlexander Sergejewitsch PuschkinVatikanstadJang de BlannenChamberUelzechtPol LeursMëttelalterD'Engelcher vu SchëndelsDemokratesch Republik KongoBangladeschKierch NidderpallenHenri Cartier-BressonSarajevoBréisselLycée Bel-ValMartine HansenSpillfilm25. FebruarInstitut national pour le patrimoine architecturalAgnostizismus1953KalifornienGrad (Wénkel)Vereenegt Staate vun AmerikaLycée ErmesindeMoskauParäisBëschLëtzebuerger Arméi19634. AbrëllJohny Flick1875David GoldrakeNGC 77PakistanAtert-LycéeLëtzebuergesch KichespezialitéitenKanadaMichel WelterNikloskierfechtMinskMars (Planéit)BiergWilleke van AmmelrooySudanMärta TorénChileBaltescht MierPolvermillenFamill (Biologie)Afghanistan1054Kopenhagen28. MäerzKonzentratiounslager1858FailliteJoe BidenAustralienLos Angeles🡆 More