Den Ernest Arendt gebuer de 6.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot Ernest Arendt. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Ernest Arendt. |
August">6. August 1916 zu Rodange, a gestuerwen den 12. Februar 2003 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot, Auteur a Chargé de cours op der Universitéit vun Nanzeg an e Pionéier vun der Aviatioun.
Ernest Arendt | |
---|---|
Gebuer | 6. August 1916 Rodange |
Gestuerwen | 12. Februar 2003 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Member vun | Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal |
Den Ernest Arendt war Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.
Hie war mat der Margot Ferres bestuet an hat zwee Kanner, d'Elisabeth an de Jean-Jacques. Hie selwer war eent vun dräi Kanner vum Max Arendt an der Marthe Wurth. Iwwer seng Groussmamm Jeanne-Marie, genannt "Annette" Collart, ass hien ee Nokomme vun der Schmelzhären-Dynastie Collart.
Hie war de Brudder vum Banquier Georges Arendt, genannt "Bonzo".
Direkt nom Zweete Weltkrich war den Ernest Arendt ee vun den eelef Lëtzebuerger déi op Initiativ vum Escher Fred Welter an d'Schwäiz gounge fir e Piloteschäin ze maachen. Duerno war e Kommiteesmember vun der Union des Pilotes Luxembourgeois wou e sech ëm d'Verdeele vun de Subside fir Piloteschüler bekëmmert huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ernest Arendt (Affekot), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.