D'Dardanellen sinn eng schmuel natierlech Mieresstrooss tëscht der europäescher Hallefinsel Gallipoli, (Tierkei), an dem nordwestlechen Deel vun Anatolien.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Numm kënnt vun Dardanus, enger Siidlung, déi, wéi et heescht, an der Noperschaft vu Troja soll geleeën hunn. An der Antiquitéit huet déi schmuel Mieresstrooss Hellespont geheescht, genannt no der Helle, enger Figur aus der griichescher Mythologie.
D'Dardanelle verbannen d'egäescht Mier mam Marmaramier. Se sinn ongeféier 65 km laang an 1,3 bis 6 km breet. Hir Déift ass duerschnëttlech 50 m. Op der asiatescher Säit läit d'Hafestad Çanakkale, eng Stad, vu wou aus een d'Iwwerreschter vun Troja besiche kann.
Fir Schëffer, déi duerch d'Dardanelle laanscht Gallipoli fueren, ass et Brauch, fir op der Héicht vun de Gedenkstätten un d'Schluecht vu Gallipoli kräfteg ze tuten, fir de villen Affer vun dëser onbarmhäerzeger Schluecht d'Éier z'erweisen.
Commons: Dardanellen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dardanellen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.