Den Dominique (genannt Demy) Schlechter, gebuer de 16.
Februar">16. Februar 1884 zu Donkels a gestuerwen den 13. Juni 1923 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Demy Schlechter | |
---|---|
Gebuer | 16. Februar 1884 |
Gestuerwen | 13. Juni 1923 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Ger Schlechter, Péil Schlechter |
Hien ass zu Dikrech an de Kolléisch gaangen, gouf awer virun der Première an d'Stad an e Buttek an d'Léier geschéckt. Hien huet sech awer weider niewelaanscht a Konscht a Literatur virugebilt. Nodeem en dem Willy Goergen seng Heemechtstéin gelies huet, huet en decidéiert, just nach op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Virdru ware seng Gedichter op Däitsch.
Seng éischt Publikatioun war en Eenakter, e Kaméidistéck, dat Sou sinn s'all geheescht huet. Duerno huet en zwee Stécker geschriwwen, déi awer net gedréckt goufen: Wat de Villche vum Chrëschtkëndche krut a Wat den Himmel huet gebonnen. Duerno huet den Demy Schlechter e Gedichtsband publizéiert, Vioulen, an en Eenakter, Et woren zwee Kinnekskanner. E weidere Gedichtsbändchen Nei Vioulen koum net méi eraus, an en Theaterstéck a 4 Akten, Déi helleg Äerd, ass net méi fäerdeg ginn, wéi de Schlechter, deen um Enn vu sengem Liewe selbstännege Reesender war, gestuerwen ass.
Den Demy Schlechter ass de Papp vum Ger a vum Pe'l Schlechter an de Grousspapp vun der Schauspillerin Annette Schlechter, der Molerin Lysiane Schlechter an dem Schrëftsteller Lambert Schlechter.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Demy Schlechter, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.