De Pe'l Schlechter, gebuer als Paul-Marie Schlechter den 20.
Abrëll">20. Abrëll 1921 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten, Architekt a Graphiker.
Péil Schlechter | |
---|---|
De Pe'l Schlechter am Oktober 2022 | |
Gebuer | 20. Abrëll 1921 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Zeechner, Dichter, Architekt, Grafiker |
Famill | |
Papp | Demy Schlechter |
Geschwëster | Ger Schlechter |
Kanner | Pit Schlechter (Auteur) |
Hien ass de Lëtzebuerger duerch seng verschidde graphesch Aarbechten (Plakater, Illustratiounen, Bande dessinéeën, Timberen, Exlibris, Placketten a Mënzen) awer och duerch seng Gedichter, Geschichten, Texter an Artikele gutt bekannt.
A senger Chronik iwwer Comicken zu Lëtzebuerg bezeechent de Luke Haas hien als de Pionéier vun der lëtzebuergescher Bande dessinée, dee sech mat engem minimalisteschen Zeechestil als éischte Lëtzebuerger op "de Comic-Parkett" gewot huet. Dem Pe'l Schlechter seng Comics a Karikature sinn ënner anerem an de Wochenzeitungen d'Lëtzebuerger Land a Revue erauskomm.
Säi Comic De Bim an de Jopi ass am Oktober 1948 an der Revue ugelaf an huet no zwou Geschichten (49 Fortsetzungen) am Oktober 1952 opgehalen. 1964 huet de Pe'l Schlechter mat dem Zeechne vu Comics opgehalen.
1970 war hien ee vun de Matgrënner vum Aikido Club Luxembourg.
Tëscht 1974 an 1976 gouf dem Pe'l Schlechter seng éischt Geschicht iwwer "De véiereckege Rondel" an der Revue de la Jeunesse nach eng Kéier opgeluecht.
Hien ass de Jong vum Demy Schlechter an de Brudder vum Ger Schlechter.
Commons: Péil Schlechter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Péil Schlechter, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.