En Timber oder Käppchen ass e klengt Stéck Pabeier, dat op der Récksäit, wann een et fiicht mécht, pecheg ass (oder vum selwe pecht), mat virdrop enger opgedréckter Illustratioun an engem bestëmmte Wäert.
Andeems een en Timber op eng Postsendung (e Bréif oder e Pak z. B.) pecht, gëtt domat ugewisen, datt den Ofsender de Porto fir den Transport bezuelt huet, an en sou vun enger Postentreprise bei hiren Empfänger bruecht ka ginn.
Ier et Timbere gouf, huet den Empfänger misse bezuele fir säi Bréif ze kréien. Dëst huet zu Problemer gefouert, wann den Adressat de Bréif net wollt unhuelen, oder z. B. geplënnert an net ze fanne war. De Schott James Chalmers (1782-1853) war den Erfinder vum Timber dee vum selwe pecht. Den Englänner Rowland Hill huet 1837 de System entworf, no deem deen, deen e Bréif verschéckt, an net deen, un deen en adresséiert ass, de Porto fir den Transport misst bezuelen. Fir ze beweisen, datt de Porto bezuelt war, huet ee missen en Timber um Postbüro kafen, an deen op de Bréif pechen. Fir datt een den Timber nëmmen eemol gebrauche konnt, ass e vun der Post entwäert, d. h. mat engem Stempel markéiert ginn.
D'Iddi vum Rowland Hill gouf gouf per Gesetz a Groussbritannien ëmgesat. De 6. Mee 1840 ass dunn deen alleréischten Timber, de sougenannte Penny Black, op ee Bréif gepecht ginn. Dësen éischten Timber weist e Portrait vun der Kinnigin Victoria, an d'Wierder POSTAGE a ONE PENNY, den Tarif. Et gouf kee Land uginn, well dovun ausgaange gouf, datt all Mënsch d'Kinnigin Victoria kenne géif. Groussbritannien huet bis haut just e Portrait vum Staatschef amplaz vum Numm vum Land.
Déi zwéin éischt Käppercher zu Lëtzebuerg koumen de 15. September 1852 eraus. Drop ze gesi war de Groussherzog Wëllem III..
Commons: Timberen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Timber, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.