D'Marie-Henriette Steil, gebuer den 3.
August">3. August 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 18. Dezember 1930, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Marie-Henriette Steil | |
---|---|
Gebuer | 3. August 1898 |
Gestuerwen | 18. Dezember 1930 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
D'Marie-Henriette Steil huet hir éischt Wierker an de Cahiers luxembourgeois publizéiert, et waren dat e puer Novellen an e fiktive Bréifwiessel (Lettres de Suzette à Micromégas). Och an der Luxemburger Zeitung an am Escher Tageblatt war si eng reegelméisseg Mataarbechterin.
1926 koum vun hir am Leipziger Xenien-Verlag e Buch mam Titel Tier und Mensch eraus, eng Zort ironesche Verglach vu mënschlecher an Déierepsychologie.
D'Marie-Henriette Steil ass 1930 an der Stad gestuerwen.
Hir zu Éieren huet d'Lëtzebuerger Post de 27. September 2005 een 1,-€ Timber erausginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marie-Henriette Steil, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.