D'Nora Back, gebuer de 17.
August">17. August 1979 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaftlerin.
Nora Back | |
---|---|
Gebuer | 17. August 1979 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler, Psycholog |
Member vun | OGBL |
Si ass zanter 2004 Member vun der Gewerkschaft OGB-L, wou se Zentralsekretärin vum Syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs ass. Zanter 2014 ass si zousätzlech Member vum Exekutivbüro vum OGB-L, a gouf am Juli 2018 zu der neier Generalsekretärin vun där Gewerkschaft gewielt. Si ass Aarbechtspsychologin vu Formatioun. Zanter Juni 2019 ass si Presidentin vun der Chambre des salariés.
De 5. Dezember 2019 gouf si um Nationalkongress vum OGB-L als éischt Fra op d'Plaz vum President gewielt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nora Back, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.