Den Théiwesbur ass en ale Wäschbuer am Pafendall.
En ass nieft der Pafendaller Kierch. De Buer gouf der Legend no, vum hellege Martin [Source?] nom "Théiwes" (sic.) genannt, enger aler Form vum Numm vum Evangelist Matthäus oder Matthieu, dem Patréiner vun der haiteger Kierch.
D'Waasser aus dem Buer gouf fréier als Drénkwaasser benotzt awer och fir am Wäschbuer op der aner Säit vun der Strooss d'Wäsch ze maachen.
1897 huet d'Stad Lëtzebuerg decidéiert fir d'Sichegaass (déi fréier "Rue des Fleurs") ze sanéieren. Bis op den Théiwesbur goufe bis Enn vun den 1920er Joren all d'Haiser ofgerappt. D'Awunner hunn hir Haiser misse verloossen an hunn deelweis a Roulotte gewunnt.
Mam „Lidd vum Théiwesbur“ huet de Fritz Weimerskirch (1895-1971) géint d'Sanéierungspolitik vun der Gemeng protestéiert; den Théiwesbur ass mat dësem Lidd iwwer d'Stad eraus bekannt gemaach ginn.
De Wäschbuer op der anerer Stroossesäit gouf am Fréijoer 2016 als e Kneipp-Foussbad ëmfunktionéiert.
Commons: Théiwesbur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Théiwesbur, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.