Den Adolf Raderschall, gebuer de 6.
September">6. September 1896 zu Bonn a gestuerwen de 16. Dezember 1987 zu Andernach war en däitsche Jurist.
Adolf Raderschall | |
---|---|
Gebuer | 6. September 1896 |
Gestuerwen | 16. Dezember 1987 |
Aktivitéit | Riichter |
Hie war an der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich President vum Sondergericht a Beisitzer (Assesseur) um Standgeriicht, dat d'Doudesurteeler nom Generalstreik vun 1942 gefält huet.
Hie gouf nom Krich, an Ofwiesenheet, zu Lëtzebuerg wéinst Krichsverbriechen zum Doud verurteelt.
De Raderschall gouf a Rheinland-Pfalz fir d'éischt Hëllefsriichter, duerno Landgeriichtsdirekter a.D. (ausser Déngscht), a gouf du pensionéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Adolf Raderschall, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.